Going out

April 7, 2015

Wéi leeft dat normalerweis of wann ech mat mengem Hobby Fotograf Kolleg Fotoen maachen? Usech froen ech heen wéini en an den nächsten Deeg Zäit hätt fir ze shooten an dann maachen mir een oder 2 Deeg an eng Auerzäit aus wou mer eis treffen. Oft, esou wei och destekéier, ass et awer sou dass heen mer schreift, op ech net grad an deem Moment Zäit Loscht an Zäit hätt ze goen. Dësen Sonnden, nodeem mir fir Ouschteren invitéiert waren, war ech nees doheem an wollt grad ufänken endlech meng Kummer ze raumen wou heen mir geschriwwen huet op ech net lo Zäit hätt fir mam Sonnenënnergang Fotoen ze maan.

Ech wosst u sech direkt wéi een Outfit ech wollt shooten. Mier waren en Freiden ënner Frëndinnen raus, an ech hunn mech gutt gefillt an deem wat ech unhat also war et kloer dass ech dat Outfit och wollt um Blog hunn. Ech hunn d’Saachen vum Buedem opgeraf (wou iergendwéi alles deen Moment louch…upsi), hunn se schnell gestreckt an well meng Hoer an mäin Make-up vum Daach nach gutt waren hunn ech just schnell de Lëppestëft nogezunn an war prett fir ze goen. Et ass awer alles sou séier gaang dass ech ganz vergees hunn mäin Schmuck unzedoen. Den Outfit war also net ganz identesch zu en Freiden – ech hat dunn meng goldeg Michael Kors Auer an een decken Kettenbracelet un, mäin Make-up war anescht (däischter rouden Lëppestëft an d’Aan e bëssen méi betount) an ech hat meng Hoer op. Mee egal wéi kritt dier awer een gudden Androck vun deem wat ech am léifsten sou undoen wann ech an d’Staat erausginn.

Heels – old bought in Rome, Zara Pants & Jacket, & Other Stories Top, Asos Clutch

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.