Going out

Wéi leeft dat normalerweis of wann ech mat mengem Hobby Fotograf Kolleg Fotoen maachen? Usech froen ech heen wéini en an den nächsten Deeg Zäit hätt fir ze shooten an dann maachen mir een oder 2 Deeg an eng Auerzäit aus wou mer eis treffen. Oft, esou wei och destekéier, ass et awer sou dass heen mer schreift, op ech net grad an deem Moment Zäit Loscht an Zäit hätt ze goen. Dësen Sonnden, nodeem mir fir Ouschteren invitéiert waren, war ech nees doheem an wollt grad ufänken endlech meng Kummer ze raumen wou heen mir geschriwwen huet op ech net lo Zäit hätt fir mam Sonnenënnergang Fotoen ze maan. Ech wosst u sech direkt wéi een Outfit ech wollt shooten. Mier waren en Freiden ënner Frëndinnen raus, an ech hunn mech gutt gefillt an deem wat ech unhat also war et kloer dass ech dat Outfit och wollt um Blog hunn. Ech hunn d’Saachen vum Buedem opgeraf (wou iergendwéi alles deen Moment louch…upsi), hunn se schnell gestreckt an well meng Hoer an mäin Make-up vum Daach nach gutt waren hunn ech just schnell de Lëppestëft nogezunn an war prett fir ze goen. Et ass awer alles sou séier gaang … Continue reading Going out