LISBOA

April 20, 2015
 

Ech war schonn éiweg net méi mat menger Famill an d’Vakanz. Dëst Joer guff et also mol rëm eemol Zäit, an also Student seet een dann och net nee wann een gefrot gëtt fir mat ;). Mier hunn eis decidéiert fir e puer Deeg an eng Staat ze goen, een City Trip wéi een dat haut nennt. Eisen Choix ass dunn och relativ schnell op Lissabon gefall, an fir mech war et absolut de richtegen Choix. Ech hunn mech an des, éischter kleng, Staat verléift. Wat natierlech bestemt och domadder zesummen hänkt dass mir super Weeder haten an mat der Sonn sen all di schéin Faarwen vun den Haiser nach vill méi erauskomm. De leschten Daach war et zwar meeschtendeels bedeckt, mee dat huet eis net weider gesteiert well mir do Shopping um Programm stoen haten.

Ech konnt eraus wielen wou mer géingen schlofen an hunn mech, nodeem ech Booking.com duerchgekuckt hat, fir een Olivier Appartemententscheed. Et luch net nëmmen ideal mee et war och nach manner deier wéi een Hotel. Et war direkt parallel zu der Haaptakafsstrooss am Zentrum vu Lissabon, mat villen gudden Restauranten net wäit wech. En Nodeel war allerdings, dass et um 5te Stack war, an opschon ech dat wosst wei ech gebucht hat, hat ech mer dei Trapen net sou ustrengend fiergestallt wei se dunn schlussendlech waren. Mee e bëssen extra Sport 2-3 mol am Daach huet awer och net geschuet. Well et an engem relativ alen Gebai war, waren d’Maueren natierlech net immens géint Kaméidi isoléiert an Dusch ass och net immens ofgelaf, mee dat sinn Klengegkeeten dei dono awer keen wierklech gesteiert hunn. Den Interieur, d’Liicht, d’Propperheet an virun allem d’Laach waren top. E bëssen iwwer 800 Euro fir 5 Deeg war och en ganz fairen Präiss.

Nodeems mir Freides am fréien Nomëtten ukomm sinn, hunn mir eis ze Fouss op de Wee gemaach an d’Géigend rondrëm eist Appartement e bëssen entdeckt. Owes waren mir an den Lisboa à Noite eesen, en Restaurant deen ech vun engem Kolleg recommandéiert kritt hunn, an et war wierklech super gutt! Samschdes dunn, sinn mir duerch Alfama getrëppelt bis erop bei Sao Jorge Buerg vun där aus een eng super Vue iwwert di ganz Staat hat. Owes hunn mir traditionell portugisesch am Restaurant Pinóquio gees, deen net schick mee eben ganz traditionell war. Sonndes hunn mir den Hop on Hop off Bus geholl, well et déi bescht Méiglechkeet war all déi grouss Saachen kucken ze goen. Leider ass en awer just bis hallwer 6 gefuer, wat e bëssen Schued war well d’Weeder war immens schéin an mir wären gär nach méi laang op verschidden Platzen bliwwen. Deen Owend hunn mier direkt beim Appartement am Santa Justa Restaurant gees, wou d’Eesen och ganz gutt war awer de Service dach e bëssen lues. Méindes sinn mir mam Zuch op Sintra gefuer, eng kleng Staat 20 km ausserhalb vun Lissabon. Den Taxi Chauffer deen mir vum Flughafen an d’Staat haten, huet eis gesot dass mir onbedéngt dohinner missten. An en hat Recht, et war wonnerschéin! Mier sinn bis ganz erop bei den Pena Palast spadséiert, en Palast deen wonnerschéin faarweg ass an vun deem aus een eng super super Vue huet! Et ass op alle Fall dowärt op Sintra ze fueren an den Zuch ass ganz modern an guer net deier. Eisen leschten Daach hunn mir domatt verbruecht shoppen ze goen (well mäin Bauch schlecht war, sinn ech bis 2 am Appartement bliwwen, dh fir mech war dat een relativ kuerzen Daach). Mier hunn den Metro an den Colombo Shopping Center geholl, an och wann et relativ langweileg fir mäi Papp an seng Frëndin war, meng Schwëster an ech mir hunn awer gutt akaaft haha 😉

Sou dat war en klengen Resumé vun eiser Vakanz. Ech well onbedéngt nach eemol zréck, deste Kéier awer dann mat Kollegen fir och di aner, méi jonk Säit vu Lissabon kennen ze léieren. War dier schonn do? Wéi huet et eech gefall?

 

 

 

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.