Fringe everywhere

April 23, 2015

Wéi ech zu Lissabon war ass mer den Fransen Trend fir de Summer opgefall; an all Buttek waren souvill Saachen mat Fränjelen dass och ech net dolaanscht komm sinn. Deen Moment war och de bekannten amerikaneschen Festival Coachella amgaang – wou ech sécher eemol wäert higoen – sou dass ech doduerch och inspiréiert ginn sinn. Oh wat ech mech op de Summer freeën! Gutt Weeder, laang Nuechten, kuerz Boxen… Fräiheet. Leider sinn virum Summer awer nach 6 stresseg Wochen voll mat Examen déi ech als éischt nach muss hannert mech bréngen. Heiansdo wéilt ech et kéint een sech beamen haha.

Zréck zum Outfit, ganz nom Motto manner ass méi: eng einfach enk Jeans an en schwaarzen Tshirt, déi duerch de Blazer an Tallek Schung e bëssen méi ugedoen ausgesinn.

Asos Schung, Diesel Jeans (get them here), Zara T-shirt, Pull&Bear Blazer (get it here), Primark Ketten, Vintage Sonnebrëll

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.