Karen Millen Store Opening

May 9, 2015
IMG_0081

En Mëttwoch Owend hunn ech mech mam Carmen getraff fir zesummen op d’Eröffnung vum neien Karen Millen Buttek an der Staat ze goen. Eng Designerin, der ech bis dohinner net wierklech Opmierksamkeet geschenkt hunn, well ech duecht d’Saachen wären net an menger Präisklass. Dëst ass natierlech och wouer fir een groussen Deel vun hiren Saachen, mee do waren der awer och puer déi ech mir, als Student, kéint leeschten (nodeem ech ganz e bëssen gespuert hätt).

D’Carmen an ech hunn eis de Buttek ugekuckt an mir hunn een klengt Gleeschen Schampes gedronk, ier mir no eiser Platz gesicht hunn fir d’Fashion Show ze kucken. D’Modelen hunn verschidden Saachen aus der neier Kollektioun virgestallt, déi een och direkt konnt kafen wann een Loscht hat. Gottseidank huet et net gereent, well den Catwalk war nämlech dobaussen, an am Moment ass dat jo sou eng Saach mam Weeder hei zu Lëtzebuerg. Mier sen no der Show nach ebessen dobliwwen, hunn intressant Leit kennegeléiert an haten een gudden Owend. Merci Janette, dass mir konnten un dëser Eröffnung deel huelen.

 

Find the new Karen Millen store at:

34, rue Notre Dame

L-2240 Luxembourg

 

DSC_2135 DSC_0016 DSC_2155 DSC_2161 IMG_0074 DSC_2163 DSC_0031 DSC_2167

IMG_0104
 

Snapchat: @zarabina

 

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.