The bucket bag

May 17, 2015

Wéi der vläit wësst, fänken d’nächst Woch meng Examen un, also maachen ech am Moment net extrem vill aneschters wéi léieren. An soulaang een net aus dem Haus geet, kann een jo einfach am Gammel-Look léieren. Onbequem Kleeder stéieren neemlech extrem beim léieren. Dh am Kloertext, Jogging an T-Shirt sen am Moment meng bescht Kollegen 😉 Gester hunn ech awer vun 14 bis 18h am Naturpark geschafft also hunn ech mech mol gerappt, meng Hoer éierbar gemaach an e bëssen Make-Up benotzt. Meng Schwëster war sou léif an huet dunn schnell e puer Fotoen gemaach. Fir schaffen ze goen hunn ech den Top awer duerch een Plover ersat, well et leider rëm relativ frësch ass de Moment. Well ech keng Loscht hat meng Hoer ze glätten hunn ech einfach schnell een Donut dragemaach an all di kleng Hoer mat Spray festgemaach – och eng gutt Léisung bei all anerem Bad Hair Day.

Ech wollt eech meng nei Posch weisen déi ech mer zu Lissabon kaaft hunn an déi bis elo schonn ganz vill Komplimenter kritt huet. Dat bescht? Si huet nëmmen 25€ kascht an gesäit awer net bëlleg aus – dat hunn ech neemlech guer net gär. Den Nodeel? Et kann een se net richteg zou maachen, dh dass een wierklech ëmmer gutt muss oppassen dass keen eppes raus klaut.

MIss KG by Kurt Geiger Flats, Mango Jeans, Zara Top, Hollister Coat, Parfois Bag, LeSpecs Sunnies

 

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.