WAM x KIABI

May 20, 2015

Wéi WeAretheModels mech kontaktéiert huet fir ze froen op ech bei der Collaboratioun mat der franséischer Mark Kiabi, eng Collaboratioun déi em wäiss Räck geet, wéilt matmaachen hunn ech gären zougesot. Wou si mir dunn eng Selektioun un Räck geschéckt hunn, hunn ech guer net laang gebraucht fir mech fir dësen ze decidéieren. Ech weess net genau wisou, mee bei dësem hat ech direkt en Bild am Kapp wéi ech en wéilt kombinéieren. Mat engem Blazer, engem Rimm an engem puer heiger Sandalen war de perfekten chicen Look fäerdeg. Normalerweis dinn ech net gär sou enk, kuerz Kleeder un, mee ech muss soen, ech hunn mech wuel gefillt an dësem Ensemble. Ganz einfach, ouni vill Tamtam, genau sou wéi ech et gär hunn. Nodeem mir d’Fotoen gemaach haten war ech an den Online Store vun Kiabi kucken well ech mech gefrot hunn wéivill en géing kaschten. 22€! Ech konnt et kaum gleewen! Hiren Slogan ass ‘La mode à petit prix’ – jo do kann ech just soen dass et net ëmmer deier muss sinn fir dass et gutt ausgesäit!

Zara Heels, Kiabi Dress, H&M Belt, Michael Kors Watch & Wallet, Mango Sunnies, Forever 21 Bracelet


 

*in collaboration with Kiabi  & WeAreTheModels 

 

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.