The little black dress

June 3, 2015

D’Studenten ënner eech verstinn sécher wann ech soen dass während der Zäit wou een léiert Gammel-Look ugesot ass. Gester hat ech awer en franséisch Examen an der Staat an hunn mech dono mat enger Frëndin getraff fir Eesen ze goen, also hat ech een gudden Grond mech e bëssen schéin ze maan (wourop een sech no laanger Zäit am Gammel-Look dann richteg freet).

Wann der eech lo frot ‘Haat hat deen kuerzen Fummel do un fir an den Examen??’ Nee haat ech natierlech net, d’war och ausserdeem haut nach ze kal fir sou een Rack unzedinn. Mee wéi ech géint 5 aus der Staat heem komm sinn, war meng Schwëster sou léif an war bereet Fotoen vun mir ze maachen. Also hunn ech e bëssen Lëppestëft dropgemach an mäin neien Rack aus dem H&M séier ugedo. Ier mir aus dem Haus goungen, huet mäi Papp alt gemengt et hätt guer keen Wärt ze goen, well vill ze vill Wand wier. En haat och Recht, et war wierklech schwéier Fotoen ze maachen, an de Rack war natierlech och net vierdeelhaft bei deem Wand. An awer hunn mir et hinkritt e puer Fotoen ze maachen déi ech eech hei kann weisen 🙂

&Other Stories flats (in blue here), H&M dress (similar here), Parfois bag (get it here), Asos Necklace and Bracelet (both old), Vintage Sunnies

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.