Changing colours

June 7, 2015

Mäin Rack kennt eech bekannt fir? Dat ass well et den selwechten ass wéi deen deen ech an mengem leschten Post unhat, just an enger anerer Faarf. Ech hunn en direkt 2 mol kaaft, well en, menger Meenung no, perfekt ass fir de Summer. Einfach an schnell ugedo, op mat Sneakers, héigen Schung, Sandalen oder Ballerinen. Dier fannt en am Basic Rayon am H&M. En Freiden haten mir hei an Lëtzebuerg den éischten richtegen Summer Daach fir dësen Summer mat Temperaturen iwwer 30 Grad (an dat och nach Owes no 8). Sou war et och déi éischten Kéier dëst Joer dass et mir net kal war mat just engem Rack. D’Carmen an ech mir hunn bestëmmt 2 Stonnen laang Fotoen gemaach an obwuel eis et net soulaang virkomm ass war et awer bëssen ustrengend an der praller Sonn. Nom Shooting, sou géint 7 Auer wollt ech awer net rëm heem léieren goen… op engem Freiden Owend mat SOU guddem Weeder wollt ech einfach nach eppes maachen. Sinn dunn nach Fussball kucken gaang, an dat war genau déi richteg Entscheedung, et war ee gelongenen Ofschloss vun engem waarmen Summerdag. Gester war et dunn awer nawell ganz schwéier sech un den Dësch ze setzen an ze léieren wou di aner Net Studenten den Daach an der Sonn konnten verbréngen. Mee gutt, nach annerhallef Woch dann hunn ech et hannert mir 🙂 Haut ginn ech lo de Moien séier weelen ier ech zréck op Bréissel fueren – et gëtt Zäit dass mer de Referendum hannert eis hunn, d’Medien an d’Leit hunn Themen lo laang genuch auserneen geholl.

H&M basic dress (similar here) & Necklace (get it here), Superga shoes (similar here),Dolce&Gabbana sunnies (similar here), Asos clutch (get it here), Casio watch (get it here), DCER tattoos (get them here

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.