Changing colours

Mäin Rack kennt eech bekannt fir? Dat ass well et den selwechten ass wéi deen deen ech an mengem leschten Post unhat, just an enger anerer Faarf. Ech hunn en direkt 2 mol kaaft, well en, menger Meenung no, perfekt ass fir de Summer. Einfach an schnell ugedo, op mat Sneakers, héigen Schung, Sandalen oder Ballerinen. Dier fannt en am Basic Rayon am H&M. En Freiden haten mir hei an Lëtzebuerg den éischten richtegen Summer Daach fir dësen Summer mat Temperaturen iwwer 30 Grad (an dat och nach Owes no 8). Sou war et och déi éischten Kéier dëst Joer dass et mir net kal war mat just engem Rack. D’Carmen an ech mir hunn bestëmmt 2 Stonnen laang Fotoen gemaach an obwuel eis et net soulaang virkomm ass war et awer bëssen ustrengend an der praller Sonn. Nom Shooting, sou géint 7 Auer wollt ech awer net rëm heem léieren goen… op engem Freiden Owend mat SOU guddem Weeder wollt ech einfach nach eppes maachen. Sinn dunn nach Fussball kucken gaang, an dat war genau déi richteg Entscheedung, et war ee gelongenen Ofschloss vun engem waarmen Summerdag. Gester war et dunn awer nawell ganz schwéier sech un den Dësch ze setzen … Continue reading Changing colours