Ech halen mech haut kuerz well ech net vill Zäit hunn. Elo sinn et nach 3 Deeg mat 3 Examen bis ech et endlech, fir lo mol, hannert mer hunn! Ech wollt eech awer schnell des Fotoen weisen déi ech een Samschden mam Carmen zu Ettelbréck gemaach hunn. Ech war ënnerwee fir akafen ze goen, also hunn ech mäin Outfit ganz relax gehal, mat just e bëssen méi Make-up wei üblech.
Ech sinn sou sou frou dass d’Examen gläich riwwer sinn! An en Samschden fléien ech schonn an d’Vakanz, yay:)
Oh an jo, ech war bei de Coiffeur, mee leider ass et net ganz sou ginn wei ech dat gär gehat hätt. Ech wollt dass se méi gro gi wären. Mee opmanst ass meng Famill frou dass ech net mat groen Hoer heem komm sinn. An elo bleiwen se och mol eng Zäitchen sou, am Summer ginn d’Hoer jo bekanntlech souwisou nach e bëssen méi hell duerch d’Sonn. Ech vertrauen wann et op d’Farw fun mengem Hoer ukënnt zenter iwer 2 Joër lo Blow Hairdressing zu Bréissel. Si kréien mäin blond ëmmer super natierlech hin wat dach awer schwéier ass 🙂
No Comments