Barceló Santiago Tenerife

July 3, 2015

No 4 laangen stressegen Wochen voller Examen op der Uni haten d’Anne an ech eis eis Vakanz méi wéi verdéngt – zemools well mer eisen Bachelor alles 2 gepackt hunn. Mier waren pauschal op Teneriffa, eppes wat ech well éiweg net méi gemaach hunn; eng komplett Vakanz. Mee den Deal vun Fluch mat Hotel an Hallefpensioun fir e bëssen iwwer 500€ fir eng Woch war dunn awer ze verlockend. An ech muss soen sou eng ganz roueg Vakanz huet gutt gedoen.

Mier sinn Samschdes Owes géint 10, no enger laanger Rees (4h30 Fluch& iwwer 2h30 Bus –  ech verdroen Bus nëmmen ganz schlecht) am Hotel ukomm. Leider kruten mer dunn do gesot dass et een Problem mat eisem Zëmmer géing ginn an dass mer déi éischt Nuecht an engem aneren Hotel am Duerf missten verbréngen. Des Norecht huet eis net immens gefreet well mer midd waren an extrem Honger haten. Wéi se dunn awer soten dass mer wéint den Ëmstänn een Upgrade zu All Inklusive géingen kréien fir d’Woch an nodeem mir gees hunn, war et mer dunn awer relativ egal. Mier hunn d’Nuecht an engem schéinen Zëmmer vum Hotel Los Gigantes verbruecht an Moies wéi mer erwächt sen hunn mer gesinn wéi wonnerschéin d’Vue vum Balkon war. Mier waren direkt beim Mier. Ouni vill Zäit ze verléieren sinn mer dunn zréck an eisen Hotel den Santiago Barceló, hunn Kaffi gedronk an eis bei de Pool geluecht (d’Missioun brong ginn war domat gestart) an kruten dunn géint Mëtteg den Schlëssel fir eist Zëmmer. Zëmmer war ganz normal, Standard. Mee d’Vue !!!! Mier waren rëm direkt beim Mier an hunn op déi riesech Fielsen gesinn (los Gigantes).

Mier haten eng super relaxeirend Woch, mat vill Sonn, Schlof an Eessen haha. 3 mol den Dach een super Buffet – jo ech hunn absolut ze fill gees. Wat ech virun engem hallwen Joer nimools hätt kennen maachen. Et schéngt rëm bëssen Bierg rop ze goen mam Bauch:). Ech war bis elo ni all inklusive an d’Vakanz, well ech et einfach haassen wéi d’Leit sech dann behuelen. Drop an derwidder eesen an drénken, an wann méiglech den Teller iwwer voll maachen fir dono awer alles leien ze loossen – sou eppes geet mir guer net. Gottseidank waren d’Leit hei all ziviliséiert an hunn sech net opgefouert wéi wann se keen Gehir hätten. Onnéideg Eesen weggehaien hunn ech wierklech net gär.

Mier luchen ëmmer op der méi roueger Säit vum Pool, wou mer eng ier Vue op d’Mier haten, wéi soten mer ‘front row seats’. Den Strand ass en plus och net extrem wäit wech fir déi Leit déi de Pool net sou gär hunn.

Ok lo geet et duer mam Text, ech loossen eech puer Fotoen hei, dann kritt der een bessert Bild. Mee falls der emol eng roueg Vakanz sicht, mat engem super Präis Leeschtungs Verhältnis dann ass dësen Hotel menger Meenung no absolut dat richtegt. D’Personal war super hëllefsbereet an fein an vun der Vue hunn ech jo lo well genuch geschwäermt.

 

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.