Haut virun enger Woch hunn ech mech mam Carmen getraff an mir sinn rof op Beggen gefuer fir deen neien Memphis Coffee zu Beggen ze testen. Ech hat keng Zäit fir eppes iwwer des Chaine nozesichen, also war meng Iwwerraschung ganz grouss wéi mir an dësem faarwegen Diner ukomm sinn. D’huet mech direkt e bëssen un den Big Daddy’s zu NY erënnert! Wann der Fast Food gären hutt dann musst der onbedéngt eemol dohinner goen, mengen vun der Location hier ass et net ze iwwertreffen! Vue que dass mir am Moment sou eng Hetzt hunn gesäit een mech dann och just nach an Shorts ausserhalb vun der Aarbecht (ech schaffen als Serveuse an muss laang Box an Blouse unhunn). Sou och d’lescht Woch wéi mir ënnerwee waren. Nodeem mir gees hunn waren mir kuerz an d’Belle Etoile an um Réckwee hunn mir dunn no enger Plaatz am Scheed gesicht wou een net vun Hetzt ëmgefall ass 😉 Mier hunn dunn zu Koplescht stall gehal an des Fotoen geknipst. Ech hunn mer d’Birkenstock Arizona och elo am wäissen kaaft, et sen einfach déi bequemsten Schung iwwerhaapt! Ech hunn se schlussendlech bei Amazon bestallt well se do bei wäitem den beschten Präis … Continue reading White Birkis
Copy and paste this URL into your WordPress site to embed
Copy and paste this code into your site to embed