About time and Change

July 29, 2015

 

Gester huet mäin Facebook mech drun erënnert – mat der Memory Funktioun – dass ech genau virun 2 Joer Owes zu NY um Rockefeller Center stoung an iwwer d’Staat gekuckt hunn. Et war een vun mengen leschten Deeg zu NY, no 4 Wochen war et Zäit rëm op Lëtzebuerg ze kommen. NY, eng Staat an déi ech mech verléift hunn, wou ech super Leit kennen geléiert hunn an wou ech hoffentlech gläich rëm ee mol kann zréck goen.

2 Joer sen et hier, 2 Joer an ech kann net soen dass ech mech vill verännert hunn. Haut, wéi ech vun der Aarbecht heem gefuer sinn, hunn ech mech gefrot op dat gutt oder schlecht ass. Wéi ech am November 2012 mäi Fluch op NY gebucht an en Zëmmer gesicht hunn wollt ech einfach nëmmen raus aus Lëtzebuerg. Et huet mech hei alles sou generft an ech hunn mech gefillt wéi wann ech einfach hänken bliwwen wär. Nodeems ech een Joer Uni.Lu gemaach hunn, dunn op Bréissel geweeselt sen an dat éischt Joer do net gepackt hunn an nodeems no 4 an engem hallwen Joer Bezéiung mat menger éischter grousser Léift Schluss war, wollt ech fort, wech vun allem. Ech weess nach wéi mäi Papp sot ‘du traus dech nimools eleng op NY ze goen’ an ech em geäntwert hunn ‘du wäerts gesinn’. Ufank Juli 2013 war et dunn souwäit, mäi Papp huet mech op Bréissel gefouert an ech sinn alleng op NY geflunn, an et war genau déi richteg Entscheedung! Virun 2 Joer war dat… wéi d´Zäit flitt! Wann ech hei sou schreiwen, an drun zeréckdenken, drun denken wat alles zanter hier geschitt ass, et goung einfach alles sou séier. Wat huet sech geännert? Spontan géing ech lo soen ‘just de Fakt dass ech anteschend mäin Bachelor hunn’.

Och wann ech mech net vill verännert hunn – ech gesinn ëmmer nach relativ sou aus wéi deemools um Top of the Rock – hunn ech an deenen leschten 2 Joer dach awer bäigeléiert an sinn méi staark ginn.  Wéi der wësst hat ech gesondheetlech net déi einfachste Zäit, mee ech hu gemierkt dass mäin Kierper vill méi staark ass wéi ech dat duecht an dass een egal wéi ëmmer muss no fir kucken.

Wat Léift ugeet, huet sech net vill gedoe, ech sinn lo 3 Joer Single. Ech hunn deemools eng Zäitchen gebraucht bis ech gewollt war an eppes neies ze investéieren. Vir zu Lëtzebuerg, an mengem Alter, eppes festes ze fannen, ass net einfach fannen ech. Ech hunn Lëtzebuerg wierklech gär, mee den Fakt dass jiddereen jiddereen iergendwéi, an wann och just iwwer 5 Ecker kennt, ass net fierdeelhaft wann een daten well. Dann ass deen een rëm Tabu well dat den Ex vun enger Frëndin ass, oder deen ass Kolleg mat engem mat deem een schonn iergendwann eppes hat. Natierlech, et kann een och soen dat ass de Virdeel zu Lëtzebuerg, et ass vill méi schwéier ze léien oder friem ze goen z.B, well dat kritt een dann och iergendwéi oft iwwer aner Leit mat. No 3 Joer kann ech awer och soen dass ech duerch d’Alleng sinn eng besser Virstellung hunn vun deem wat ech well an wat ech net well an menger nächster Bezéiung, oder eben allgemeng am Liewen. Ech fannen et kann een sech réischt rëm op eppes festes anloossen wann een bis weess dass een och ganz gutt alleng eenz gëtt, dass een net onbedéngt een Mann u senger Säit brauch vir frou ze sinn. Mee dass een dach awer rëm gär een u senger Säit hätt fir Momenter kennen mat där enger spezieller Persoun ze deelen.

Ech géing also net soen dass et schlecht ass dass ech mech net vill geännert hunn, well ech hunn bäigeléiert an ech mengen dat ass dat wat zeelt. Ech freeën mech op dat wat kennt, een neien Start zu Bréissel am September am Master an hoffentlech och nach mat enger Rees zréck op NY dësen Wanter <3

 

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.