Colder days in summer

August 4, 2015

Well ech Perfektionist sinn wat de Blog ugeet, sen ech net ëmmer 100% zefridden wann mer een Oufit shooten, des Kéier awer, sinn ech et awer rëm. Den Outfit representéiert absolut mäin Style, sou wéi ech en gesinn, an d’Location mat der wäisser Paart am Hannergrond fannen ech och super als Kontrast zum Outfit. Fir dass net alles gro schwaarz ass hunn ech mäin Barbie rosa Lëppestëft mol rëm eemol benotzt, duerch Zoufall passend och zu menger Manikür. D’Carmen an ech hunn eis des Kéier zu Esch Sauer getraff gehat, an well et nawell relativ kal war fir Juli hunn ech bëssen improviséiert an een wollenen Plover iwwer mäin Rack ugedo.

En Freiden war, no 4 Wochen, mäin leschten Daach als Serveuse. Elo hunn ech 2 Wochen fräi ier ech nach eemol fir 3 Wochen wäert schaffen. An deenen 2 Wochen muss ech e bëssen hei um Blog schaffen well ech puer Projeten hunn déi ech demnächst well verwierklechen. Wahrscheinlech maachen ech awer och nach een klengen Städtetrip fir e bëssen raus ze kommen. Am allermeeschten freeën ech mech awer bëssen relaxen ze kennen an och nach e bëssen vun der Sonn ze profitéieren, wann se dann bleift.

Superga (get them here) – H&M dress (similar here) and rings (similar here), Esprit sweater, Casio watch (get it here), Le Specs Halfmoon sunnies (get them here), Primark Bag (similar here)

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.