Pall – Concept Store

Am Juli hunn ech als Serveuse an der Brasserie du Pall am Pallcenter zu Uewerpallen geschafft. De Pallcenter ass ee Shopping Village wou dier ënnert anerem een Supermarché, een Kleedergeschäft fir Männer an Fraen, 2 Restauranten an nach vill aner Saachen fannt. Während menger Zäit als Serveuse ass mir d’Idee komm d’Chefin ze froen op si net drun interesséiert wär mat mir an mengem Blog zesummenzeschaffen. Si war averstan an soumat ass dëst den éischten Post an Zesummenaarbecht mam Pallcenter; ech kann mir Outfits eraussichen déi ech op de Blog setzen, woumat ech Werbung fir si maachen. Den éischten Outfit hunn mir am Buttek selwer geschoss, ech duecht et wier cool eech sou een Abléck an d’Geschäft ze ginn. Uewerpallen läit lo net extrem zentral – et ass am Osten un der belger Grenz bei Arel, mee et sinn awer just 20 Minutten mam Auto fun der Staat aus. De Pallcenter ass op alle Fall ee Besuch wäert. Och ier ech do geschafft hunn sin ech schonn regelméisseg dohinner akaafen gaang, well et och fun mier heiheem nëmmen 20 Minutten sinn an si et ëmmer erëm fäerdeg bréngen mech ze iwwerraschen mat der Auswahl déi si ubidden sief et am … Continue reading Pall – Concept Store