A-Line

September 9, 2015

DSC_0673Endlech ass et sou wäit! Ech kann eech weisen un wat ech di lescht Wochen geschafft hunn: den neien Imagine the Swallows. Ech sinn onendlech frou dass en lo online ass! Mat vill Hëllef vun Kollegen hunn ech mäin Blog vun Blogger op WordPress eriwwergeholl well ech fannen dass een hei méi Méiglechkeeten huet. Elo ass alles vill besser organiséiert an domat och méi einfach erëmzefannen AN elo kennt dier tëschent Englesch an Lëtzebuergesch switchen! Einfach uewen uklicken an d’Artikelen dann an där Sprooch leesen déi dier léiwer hutt!

Zum Outfit: Vläit hutt der en schonn op Instagram gesinn, et ass deen deen ech en Sonnden zu Bréissel un hat fir mat menger Tatta duerch d’Staat ze goen. Well ech sou léiwen Feedback krut duecht ech ech géing en dann och op de Blog setzen. Ech hunn en em d’Jupe opgebaut, eng vun Abercrombie déi ech mir zu Amsterdam kaaft hunn. Ech hat se zënter mer rëm sinn schonn sou oft un, dh et war ee gudden Kaf. Et kann een se schick undoen mat heigen Schung an awer och einfach mat Sneakers – sou wéi ech dat am normalen maachen.

DSC_0774

DSC_0708

DSC_0680

DSC_0760

DSC_0681

DSC_0683

Zara Stiwwelen&Poncho, Abercrombie&Fitch Jupe, &Other Stories T-Shirt, Céline Sonnebrell, Parfois Posch, The Horse Auer

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.