Ech war usech di lescht Woch an de Pallcenter fir mir een Outfit raus ze sichen. Wéi ech awer heem goung, hat ech der 2 – et ass sou schwéier sech op eppes festzeleeën bei sou villen schéinen Kleeder!! Wéi ech d’Boyfriend Box vun Ralph Lauren mam Blazer an der Kabinne unhat, wollt ech deen Outfit onbedéngt hunn fir de Blog. Well en mer awer ze schick war fir ënnert der Kategorie ‚Back to School’ hun ech mer geduecht dass ech en dann als 2ten Outfit mathuelen fir eech ze weisen dass een eng Boyfriend Jeans net nëmmen lässeg kann undoen (wei an mengem leschten Post) mee och méi ugedoen. D’Sneakers hunn ech duerch Tallekeschung ersat déi bei meng Posch gepasst hunn, de Plover duerch eng flott Blouse vun Scapa Sports kombinéiert mat engem klassesche Blazer vun Maison Scotch. Wéi eng Kombi gefält eech perséinlech besser? Éischter déi méi lässeg oder déi méi chic? Ralph Lauren Boyfriend Jeans, Maison Scotch Blazer, Scapa Sports Blouse everything via Pallcenter Bik Bok bag & old heels bought in Rome in 2010 Related posts: Office Attire A-Line Hello Autumn – the boyfriend jeans part I Colder days in summer Finish Line
Copy and paste this URL into your WordPress site to embed
Copy and paste this code into your site to embed