Pochette de Janette – September edition

September 23, 2015

DSC_1225

Wéi ech een Freiden Owend heem komm sinn stoung e Pack ënnen an eiser Entrée op mech ze waarden, an ech wosst direkt dass et déi nei Pochette de Janette war – di roud Schrëft ass onverkennbar! Wéi ech se dunn opgemaach hunn wosst ech schonn direkt dass ech se cool géing fannen. Als éischt hunn ech ‘d’eau micellaire’ vun Bioderma an der Mini Ausgab gesinn an obschonn ech dësen Produit schonn laang kennen an och benotzen hunn ech mech richteg gefreet lo eng kleng Ausgab ze hunn déi ech kann mathuelen wann ech reesen. Fir lo keen risegen Text ze schreiwen zeelen ech eech déi aner Saachen einfach schnell mat engem klengem Kommentar op :

Eng gratis Entree an den Aqua Sud (mat Fitness an Wellness), den Aqua Sud wou ech nach ëmmer net war, mee wat awer scho méi laang op menger To Do Lescht steet

En léiwen Bracelet vum Anne Marie Herckes, deen mat Léift an Lëtzebuerg op der Hand gemaach ginn ass

E puer Strëmp vun Chatty Feet, perfekt fir déi kal Méint déi elo op eis duerkommen

E puer schéin faarweg temporär Tattoos vun Sioou

E Bandana fir Kanner vun JBC (deen awer leider net op de Fotoen ass, well ech en verschenkt hunn)

En Anti-Age Kit vun Cattier – mat 24 kann een dat schonn emol ausprobéieren 😉

An ‘The Brow Buddy’ vun Autour du Regard, en Outil deen ech bis elo nach net kannt mee deen soll dozou bäidroen déi perfekte Form an d’Aperhoer ze kréien / eng Hëllef beim Nozeechnen

Ech mengen dass dat hei di ideal Pochette de Janette ass fir déi Leit déi bis elo gezweiwelt hunn op se sech een Abo sollen maachen oder net. Ech fannen allzäit dass dëst déi bescht war vun deenen déi ech bis elo konnt auspaken.

DSC_1183

DSC_1178 DSC_1203

DSC_1211

DSC_1176

DSC_1220

*gesponsort

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.