lightening without compromise? #fibreplex

September 30, 2015

DSC_1254

Als gefierften Blondin verbréngt een eng etlech Stonnen beim Coiffeur, an mir wëssen all dass d’Entfierwen vun den Hoer net immens ideal ass. Opschon ech ëmmer probéieren 3 Méint vergoen ze loossen ier ech rëm fierwen ginn, mecht dat awer op manst 4 Mol fierwen am Joer. Em sou méi frou war ech wéi de Claudio Duarte mir de leschten Samschden, bei mengem Besuch am Ferber Hair & Style Salon an der Belle Etoile, vun engem neien Produit geschwat huet deen d’Hoer während dem Fierwen schützt. Dier mengt lo vlait ech géing vun Olaplex schwätzen – engem Produit vun deem ech schonn vill héieren hunn, nee, ech schwätzen vun Fibreplex vun Schwarzkopf Professional. En Produit deen eben genau Fierwen oder Entfierwen ouni Kompromëss versprécht, an deen souguer liicht méi präiswäert ass wéi den Olaplex. Mier wëssen all dass d’Fierwen ni ganz bëlleg ass, an soumat ass déi méi präiswäert Alternativ, zemools vir mech als Student super. Och well ech wosst dass ech se rëm gären méi hell hätt.

Den Nr1 Bond Booster suergt dofir dass d’Hoer während dem Coloratiounsprozess net geschiedegt gëtt andeem et Struktur vum Hoer opbaut. Dëst hellt net méi Zäit wéi dat normaalt Fierwen – Gottseidank!

Dono, wann d’Farw ausgewäsch gëtt, suergt den Nr2 Bond Booster dofir dass déi baussescht Schicht rëm zougemaach gëtt, sou dass d’Hoer staark, liicht an glänzend bleiwen.

Den Nr 3 Bond Maintainer kritt een fir mat heem, fir als Conditionner ze benotzen sou dass déi gestäerkten Hoer och weiderhin ënnerstëtzt an geschützt ginn.

Haut, 4 Deeg nodeem ech beim Coiffeur war muss ech soen dass meng Hoer ganz mell sinn an si kommen mir tatsächlech net futti fir. Dëst war meng 2 Decoloratioun an 3 Méint, just sou als kleng Info. Ech hätt d’Resultat léiwer nach een Steckchen méi selwer/gro blond gehat, mee ech vertrauen dem Claudio wann en seet di nächsten Kéier géingen mir deem Ziel vill méi no kommen. Et muss een jo bedenken dass meng Naturfaarw brong ass an dass mäin Usaz beim leschten Coiffeursbesuch am Juni nach méi däischter gefierft guffen wéi en tatsächlech ass. Fir lo sinn ech Platin Blond – wann och net ganz perfekt well ech net als Barbie wollt erauskommen an dowéint sot si sollen een liichten Usaz loossen – an et gefält mer.

Wéi fannt dier et? Hutt der och schonn Erfahrungen mat Olaplex oder souguer mat Fibreplex gemaach?

DSC_1293 DSC_1312 DSC_1321 DSC_1310

1 Comment

  • Reply Carmen September 30, 2015 at 12:24 pm

    D’Resultat ass wierklech flott ginn an ech fannen et gutt wann een nach bëssen usatz gesäit, virun allem wann een sou hell blond ass. Ech kenne Meedecher déi sech ëmmer d’Hoer komplett bis op de Kapp mega hell blond fierwe lossen mee dat gesäit dann sou mega komesch an onnatierlech aus… Mee opjidefall muss ech mengen ech och mol an de Salon goen, och wann ech lo direkt amfong net fierwe wëll 😉
    xx

  • Leave a Reply

    Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.