October

October 5, 2015

DSC_1437

Haut fänken mer di nei Woch mat engem Outfitpost un. Ech hoffen dier hat een gudden Weekend. Mäin war rëm relativ voll gepackt, sou wéi all meng Deeg an der lescht iergendwéi. D’Uni ass ganz anescht lo am Master, ech hunn well souvill no 3 Wochen ze dinn dass ech lo schonn den Androck hunn ech kéim net méi no. Mee dass awer wierklech ganz interessant, dofir ass et lo net immens schlëmm. An dauernd beschäftegt ze sen ass jo och lo net ëmmer schlecht.

Di lescht Woch huet den Hierscht sech bei eis jo vun senger beschter Säit gewisen: mat vill Sonn an agreabelen Temperaturen. Ech konnt also deemno, eng leschten Kéier fir dëst Joer – wéi ech unhuelen – mäin wäissen Blazer undoen.

Ech hunn de Look rëm, wéi sou oft, einfach gehal. Platt Schung, eng Jeans en T-Shirt an den Blazer eben. Perfekt fir op d’Uni.

Ech weess net wisou mee an der lescht fillen ech mech guer net inspiréiert an de gréissten Deel vu mengem Kleeder nervt mech einfach. Ëmsou méi frou war ech wéi meng Matbewunnerin mir virgeschlo huet ech kéint jo fir eemol seng Schung vun the Kooples ausléinen. Läng duerch d’Schung mam Leoparden-Muster wierkt den Outfit ganz anescht, vill méi hip ewéi mat einfachen schwaarzen Schung z.B. Merci fir d’Ausléinen <3

DSC_1343DSC_1414DSC_1409DSC_1421DSC_1343DSC_1373DSC_1338 The Kooples Schung (ähnlech hai), Zara Jeans (ähnlech hai), T-Shirt (ähnlech hai) an Blazer (ähnlech hai), Céline Sonnebrëll, Parfois Posch (ähnlech hai)  

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.