Kuckt hei, een brongen Mantel an keen schwaarzen! Schwaarz ass an bleift meng Lieblingsfaarw fir Kleeder, an schwaarz fillen ech mech wuel an et ass gewosst dass een mat schwaarz quasi ni donieft läit. Heiansdo muss een sech awer och bëssen aus senger Routine erausbeweegen fir et bëssen méi intressant ze maachen. Bei mir ass dat des Kéier eben an Form vun engem brongen Mantel vun Massimo Dutti, an deen ech mech am Enn vum Summer hei zu Bréissel verléift hat wéi ech en an hirer Fënster op der Avenue Louise gesinn hunn. Fir de Recht hunn ech den Outfit awer an schwaarz gehal, fannen d’Kombi vun den 2 Faarwen super.
D’Carmen an ech hunn des Fotoen en Samschdeg de Mëtteg gemaach ier mir op d’Brussels Fashion Days gaang sinn. Dëst Joer waren si am Square Brussels Meeting Center, eng vill besser Platz wéi nach virun e puer Joer. D’Show war cool an och hier Atelieren rondrëm ginn vun Joer zu Joer besser. Leider fillen ech mech ni immens wuel tëschent sou villen Leit aus dem Moude Beräich – et ass mir alles oft e bëssen ze iwwerflächlech. D’Carmen an ech hunn awer e puer cool Stonnen do verbruecht ier mer eis mat Kollegen getraff hunn an an den Cercle des Voyageurs eesen gaangen sinn. En Restaurant deen der onbedéngt testen musst wann dier eemol hei am Zentrum sidd!
Massimo Dutti Mantel, Zara Box & Schaal, Nike Air Max Essentials, Parfois Posch
No Comments