Fashion Days Luxembourg

October 27, 2015
DSC_3740Bastien Sebillot (Belge)

Leschten Weekend war déi éischt Editioun vun den Luxembourg Fashion Days am Casino zu Mondorf. De Programm dëst Joer goung iwwer 2 Deeg, mat enger Show Freides Owes, enger Samschdes Mëttes an dann eng Ofschlossshow Samschdes Owes. Well ech dëst Semester Freides ëmmer Cours bis 8 Auer hei zu Bréissel hunn, konnt ech leider d’Eröffnungsshow net gesinn dëst Joer. Ech war awer dowéinst ëmsou méi gespaant wéi ech dunn Samschdes op Mondorf gefuer sinn.

Déi éischt Show um Samschden war d’Startup Designer Award Show, wou een vun den 16 Designer d’Chance hat 5000€ ze gewannen an dobäi eng Kollektioun fir JBC ze entwerfen. Ech war speziell op des Show gespaant well ech wosst dass och zwee jonk Talenter aus Lëtzebuerg géingen deelhuelen, 2 jonk Fraen déi ech virun puer Wochen um Lëtz Go Local Maart perséinlech kennen geléiert hunn. D’Maddalena Oliva (Manalena) an d’Nathalie Siebenaler (by Siebenaler).

Unsech sollt d’Show um Auer ugoen mee et gouff e bëssen Retard, wat ech awer net weider schlëmm fonnt hunn. D’Show war duerch eng mini Paus an 2 opgedeelt, mat an all Halschent 8 Designer, wouvunner déi lescht 3 Schmuck presentéiert hunn, Fir mech war se ze laang! Déi éischt Halschent war spannend, mat super Designs an cooler Musek, mee déi zweet war bëssen schleppend.Fir zréck op d’Maddalena an d’Nathalie ze kommen: Manalena huet eng cool Fraen Kollektioun gewis déi zum Deel feminin zum Deel maskulin ugehaucht war an by Siebenaler hat eng wonnerschéin Hochzaitskollektioun presentéiert, mat den him eegenen Print Detailer. Ech war wierklech stolz hier Kollectiounen ze gesinn, well och Lëtzebuerg huet vill Talenter, déi mir heiansdo e bëssen ënnerschätzen.

Fir nach een Designer erauszehiewen, deem seng Kollektioun mir super gefall huet –eng méi rockeg mat vill Leeder an Schwaarz, dann ass dat den Bastien Sebillot. Ech hat him gutt Chancen zougerechent den Präis ze gewannen, mee d’Jury huet sech awer fir d’Enora Hiernaux entscheed, eng belge Designerin déi eng relativ einfach mee schéin Kollektioun presentéiert huet. Eng Collectioun déi ech mer och zum Deel bei JBC kéint virstellen. Déi lescht 3 Designer vun dëser Show waren Schmuck Creatricen, wat mer net sou super gefall huet, well ech fannen dass Schmuck um Catwalk nëmmen schlecht zur Geltung kennt. Fir d’nächst Joer kéint een sech do vläit iwwerleeën op et net besser wär hinnen een klengen Pop Up Eck zur Verfügung ze stellen wou se hier Stecker kennen ausstellen. D’Ofschloss Show war dunn um hallwer 10 wou nach eemol puer Designer hier vum Virowend opgetrueden sinn, Designer déi sech schonn an der Branche etabléiert hunn wéi z.B. Sacha Cooper, Philippe Haussmann oder och Najette Ach Chajai. Ech fannen et impressionnant ze gesinn wéi si als Persoun hier Idien ëmsetzen, immens opwänneg Kleeder maachen an domat hiert d’Liewen verdéngen.

Ech hunn mech decidéiert eech net mat ze vill Fotoen ze iwwerschëdden an hunn deemno eng Selektioun gemaach mat puer vun den Designs déi mir am beschten gefall hunn.DSC_3752 DSC_3755 DSC_3762By Siebenaler  (Lëtzebuerg)
DSC_3767Manalena (Lëtzebuerg)DSC_3780Ninochka (Frankräich)
DSC_3790Sixtine Anne de Molina (Belge)DSC_3816Francesca Fontana (Italien)
DSC_1034Sacha Cooper (Lëtzebuerg)DSC_1076Ach Chahai Paris (Frankräich)

Fir mäin Artikel ofzeschléissen well ech awer kuerz op e puer kleng Saachen opmierksam maachen déi een, menger Meenung no, an deenen nächsten Joeren kéint verbesseren.

Als éischt wär do Mondorf. Mondorf läit, wéi ech fannen, net zentral genuch. Mier hunn e klengt Land an do denken ech mer misst et méiglech sinn eppes méi zentrales ze fannen (ech denken z.B. un de Mudam, dat wär eng super an och originell Location) Dann fannen ech et eng Iwwerleeung wäert op een den Leit net och virun/no an tëschent den Showen eppes méi kéint ubidden. Ech denken hei un Pop-Up Butteker, Ausstellungen oder och Atelieren. Zum Schluss dann och nach en méi klengen Detail: Gedrénks net méi aus plastiks Becheren servéieren. Ech drénken am allgemengen net gär aus sou Gleeser, mee en plus fannen ech dass dat dem ganzen e bëssen de Glanz hellt. Souwéi och d’Präisser vum Gedrénks an Eesen op groussen Plakater op den Maueren,  ech fannen kleng méi dezent Präislëschten ginn duer.

Am Allgemengen fannen ech awer dass et een gelongen Start war fir d’Fashion Days zu Lëtzebuerg an ech freeën mech op déi kommend Joeren.

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.