Schonn laang denken ech drun dass mir nach een einfachen schwaarzen Poncho an mengem Schaaf feelt. Am Wanter ass ee Poncho sou praktesch well een en einfach iwwer quasi alles kann undoen an doduerch alt erëm e Stéck méi warem bleift. Dass ech mer en an schwaarz kaaft hunn war och relativ kloer; net nëmmen ass et meng léifsten Faarf mee et kann een et och bei alles undoen. Dofir hunn ech, wei ech di lescht Woch am BRAM war an mir eppes konnt eraussichen, mech fir dësen Model aus 100% Woll vun Codello entscheed. Ech freeën mech dach awer ëmmer rëm wann ech mer sou een basic Deel zouleeën wou ech weess dass ech et och an puer Joer nach kann undoen.
Mäin Outfit hunn ech, wéi sou oft, erëm ganz an schwaarz gehal, ofgesinn vun mengen neien Superstars – jo ech hunn noginn an mir och een Puer kaaft ;). Soulaang Temperaturen mir et nach erlaben wäert dech mech nach mat Sneakers gesinn, Stiwwelen mussen mer, wann de Wanter bis do ass, nach laang genuch undoen, fannt der net?
Adidas Superstar, Zara Box & Mantel, Codello Poncho, Céline Sonnebrëll, Michael Kors Portmonnie
No Comments