Virun e puer Wochen sot mäi Papp mir dass ee Pack fir mech doheem ukomm wär, eppes wat mech ëmmer freet ze heiren. Team vu Janette hat mir eng Pochette de Janette geschéckt. Ech wollt dunn direkt den nächsten Weekend wou ech heem komm sinn d’Fotoen maachen, mee mam ganzen Stress hunn ech et vergees, an hunn natierlech och net drun geduecht se mat op Bréissel ze bréngen. Leschten Weekend hunn ech dunn endlech d’Fotoen gemaach an elo hunn ech kuerz Zäit driwwer ze schreiwen.
Ech fannen den Zäitpunkt fir de Post ass lo souguer bal nach besser, well Chrëschtdags net méi laang op sech waarden léist an d’Pochette de Janette, ass, wéi ech fannen, een super Kaddo wann dier nach ee braucht. Domat mengen ech natierlech een Abo bei Janette, sou dass är Frëndin/Schwëster/Mamm, déi nächst Méint all Mount eemol mat enger Pochette iwwerrascht gëtt. Dier kennt een Abo vun enger eenzeger maachen, awer och een Abo fir 4 Méint an esou guer een vun 9. Klickt einfach HAI op dësen Link an fannt eraus wéi de Concept funktionéiert. Ween weess, vläit ass et genau dee Kaddo no deem dier gesicht hutt 🙂
No Comments