Breathing in snowflakes

January 22, 2016

DSC_3006

Dier gleeft net wéi frou ech war fir lo no den Examen heem ze kommen! Läng schonn wéint dem Schnéi!! En Wanter ouni Schnéi ass keen Wanter, an zu Bréissel kruten mer es bis elo quasi keen. Dat wäisst ass einfach den perfekten Hannergrond fir Fotoen fir de Blog ze maachen an sou hunn ech mech haut dunn och direkt mam Carmen getraff an der e puer gemaach. Lo geet et dann och rëm duer mam Schnéi haha, hunn en lo gesinn an fannen en jo effektiv wierklech schéin, zemools wann och nach bloen Himmel an Sonn dobäi ass… mee leider ass en och kal an naass an mëscht d’Stroossen glat! Ech sinn einfach een Summerkand!

Zu mengem Outfit: schwaarz Box, wéi quasi ëmmer am Wanter, een einfachen groen Plover mat enger méi laanger schwaarzer Blouse kombinéiert, héigen Stiwwelen an engem Band. Schlicht an einfach, och 2016!

DSC_3043

DSC_2892  DSC_2967 DSC_2987

DSC_2960  DSC_3037  DSC_3057

Zara Box & Stiwwelen, Alexander Wang Posch, H&M Plover, Blouse an Band, Asos an & Other Stories Braceleen, Rosefield Auer

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.