TAKE EAT EASY

February 9, 2016

Eppes wat mir hei zu Bréissel super gefält ass, wéi an all aner Staat och, d’Méiglechkeet säin Eessen heem geliwwert ze kréien. Doheem, an mengem klengem Duerf am Norden vun Lëtzebuerg gëtt et dat nämlech net 😉 Hai huet een natierlech méi Säiten wou een online kann bestellen, mee an der Lescht hunn ech méi oft bei Take Eat Easy bestallt well ech hiren System super fannen! Am Géigensaatz zu aneren Service liwweren si nämlech mat Vëlo an et kann een genau gesinn wéi laang säin Eessen brauch bis et un der Dier unkent – et kann ee souguer kucken wéi séier de Männchen um Vëlo fiert 😀 Net nëmmen ass dëst oft méi séier wéi mam Auto mee et ass jo och vill méi ëmweltfrëndlech, wat ech och als Plus gesinn!

Lescht Woch hunn ech Donneschdes Mëttes bestallt well ech näischt am Haus hat fir ze kachen an net motivéiert war ankafen ze goen. Et geet een einfach op hier Websäit, et gëtt een seng Adress an an dann kritt een déi Restauranten gewisen déi bei een heem liwweren. Fir mech ass dat ëmmer eng gutt Selektioun un allen méiglechen Kichen – vun Belger Kichen, iwwer Italienesch zu Asiatesch oder Indesch. Et gëtt ee seng Commande of, de Restaurant bereet se fir an dann geet de Vëlosfuerer se ofhuelen an liwwert se heem. Mäin Vëlosfuerer huet 12 Minutten gebraucht vum Restaurant bis heihinner, wat ech super fannen –  am ganzen hunn ech deen Dag just 35 Minutten op mäin Eessen gewart. D’Eessen, vum New Sagon Bankok war waarm wéi et ukomm ass, huet gutt ausgesinn an och geschmaacht 🙂 Am Beschten hunn ech Zopp an d’Raisrolle fonnt. Wann dier also och eemol am Fall sidd an dier hutt Loscht ze bestellen, an wunnt zu Bréissel, dann kann ech TAKE EAT EASY nëmmen recommandéieren.

Processed with VSCOcam with hb1 preset

an Kollaboratioun mat TopSecretCommunication*

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.