Magic Hour

February 15, 2016

Claude1Hasselblad-28

Virun puer Wochen hat ech an der Staat RV mam Edouard, deen der vläit ënner dem Numm Arteographie besser kennt, fir puer Fotoen ze maachen an sech e bëssen kennenzeléiren. Ech hunn mer seng Aarbecht schonn eng Zäitchen ugekuckt, an well ech seng Fotoen super fannen war ech wierklech frou mat him fir de Blog kennen zesummen ze schaffen. Déi éischten Kéier iwwerhaapt dass ech mat engem professionellen Fotograf schaffen hei um Blog, schonn e bëssen spannend 🙂

Kennt der eech drun erënneren wou ech eech sot dass ech mer Overknees kaaft hätt an dass ech eech se eng Kéier géing weisen wann et net géing reenen oder schneien; maja hei war den Daach dofir. Et war ee sonnegen Meindegmëtten wou mer et hikruuten d’Luucht anzefänken just wéi d’Sonn ugefaang huet ënnerzegoen. Zu mengem Outfit gëtt et usech net vill ze soen, et ass einfach gehal mat engem Plover vun Hollister an enger Basic Jupe vun H&M – ech fannen mat sou Stiwwelen huet ee besser den Recht vum Outfit schlicht ze halen well een soss schnell riskéiert bëlleg auszegesinn.

E ganz léiwen Merci och un d’Kaori wat deen Nomëtten mat eis verbruecht huet an dee beschten Assistent war <3

Claude1Hasselblad-4Claude1Hasselblad-19Claude1Hasselblad-7Claude1Hasselblad-12Claude1Hasselblad-21Claude1Hasselblad-20Claude1Hasselblad-24

Coco Bella Stiwwelen via Avance, H&M Jupe , Hollister Plover, ZaraMantel , Alexander Wang Posch ,

Céline Sonnebrëll

2 Comments

  • Reply missesviolet February 15, 2016 at 9:40 am

    Wooow, das Outfit ist wunderschön! Ich liebe diese Overknees. <3

    Liebe Grüße,
    Sara von missesviolet

    P.S.: War toll, Dich kennen zu lernen am Freitag!

  • Leave a Reply

    Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.