Virun bëssen méi wéi enger Woch war ech mam Carmen op Düsseldorf op d’GDS well mir eis fir de FashionBloggerCafe ugemellt haten. D’Fro war also wat undoen mam Gedanken dasste vill Blogger wäerts treffen. Oft geet et eben just em d’Ausgesinn an der Branche an do well een dann net onbedéngt ënner goen am Verglach zu deenen Aneren. Ech souz also virun mengem Kleederschaf an hunn iwwerluecht wat ech kéint undoen, mee dunn ass mer awer schnell kloer ginn dass ech näischt extraes wéilt undoen mee eppes wat einfach ‘Ech’ ass. Ech hunn also keen schicken Rack ugedo mat super héigen Schung, mee ganz einfach meng Superstar, eng zerrappt schwaarz Jeans, meng neisten Lieblingsblouse déi méi laang ass mat engem einfachen alen Plover vun Zara driwwer. Et bréngt näischt sech ze verstellen an sech dann net zu 100% wuel ze fillen well een iergendwou onbedéngt well dozou gehéieren. Et geet drëm sech wuel ze fillen an ze sinn wéi een ass 🙂 Hunn et am Nachhinein och wierklech guer net beréit sou einfach dohinner gaangen ze sinn, well sou hunn ech mech wuel gespuert, vill nei léif Leit kennen geleiert an ech hat eng gutt Zäit mam Carmen.
Adidas Superstar, Only Skinny Jeans, H&M Mesh Blouse, Zara Sweater, Alexander Wang Posch
No Comments