Marble everywhere

March 23, 2016

caseappDi lescht puer Joer hat ech op mengem Laptop sou een Sticker mam Schneewittchen, hunn dat léif fonnt. Antëscht hunn ech mech awer no eppes bëssen bëssen méi erwuessenem ëmgekuckt an hunn dunn bei caseapp.fr dësen Marmor Sticker fonnt deen mer direkt super gefall huet. Wou ech dunn gesinn hunn dass si d’Méiglechkeet ubidden den Sticker e bëssen ze personaliséieren hunn ech meng Initialen kleng ënnen an den Eck drop maachen gelooss. Mam Sticker kennt mer mäin Laptop lo bal wéi nei fir.

Ech hunn mech dunn och nach fir een iPhone Cover an Marmor Optik entscheed well ech och fier deen eppes ganz Einfaches ouni vill Tamtam wollt wat awer cool ausgesäit. Si bidden och d’Méiglechkeet säin eegenen Cover ze designen, dh z.B mat enger eegener Foto. Hätt ech net eppes minimalistesches gewollt hätt ech dat sécher ausprobéiert!:)

Als kleng Iwwerraschung kennt dier elo een Produit vun Caseapp vun ärem Choix gewannen. Dier musst just een Kommentar hei ënnert dem Post loossen an ech wielen dann en Samschden een Gewënner:) Vill Gléck! An vergeest net dass der och 20% op ären Akaaf kritt wann dier de Code CLAUDE20 beim Checkout antippt.

caseapp1*sponsored 

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.