Ech hunn déi lescht Méint net wierklech vill gepost hei um Blog an iergendwéi fillen ech mech wei wann ech mech misst rechtfertegen dowéinst. Ech wéilt ech hätt eng gutt Erklärung mee ofgesinn dass ech vill fir d’Uni ze maachen hat, hunn ech einfach keng Motivatioun an Inspiratioun fonnt fir ze bloggen. De Blog ass immens zäitopwendeg; et ass net ëmmer einfach een ze fannen deen Zäit huet fir Fotoen ze maachen, mee och d’Schreiwen hellt méi Zäit wei een mengt. Wann dann d’Inspiratioun feelt an een mat näischt zefridden ass wat ee mëscht dann ass et schwéier gudden Inhalt ze produzéieren. Dowéinst hunn ech mer eng einfach eng Paus erlaabt fir doriwwer nozedenken wat ech – an Saachen Blog – well. Mier ass awer kloer ginn dass ech net einfach well ophalen, dofir hunn ech dach schonn ze vill Stonnen an Aarbecht investéiert an Relatiounen opgebaut. Ech sinn also erëm hei, an ab elo och rëm méi aktiv. Ech hoffen dier sidd prett fir neien Content 🙂
Hai ass mäin Outfit deen ech unhat fir op d’Michael Kors Eröffnung an der Staat unhat, wou ech mam Lisa (Merci dass du mir deng Posch geléint hues fir den Outfit, esou krut ech e bësse Faarf eran <3) an mam Carmen wat des Fotoen gemaach huet.
Shop the look:
Schung vun New Look (al) – ähnlecher hai, Schwaarz Jeans vun Zara (aktuell Kollektion), Top vun Pull & Bear (aal) – ähnlechen hai, Bomber Jacket vun H&M (am März kaaft) –ähnlech hai, Michael Kors Jet Set Posch (geléint vum Lisa :D)
3 Comments
Flotten Outfit 🙂 ?
Merci 🙂
Wonderful style! 🙂