Wéi ech mäin Kleederschaf geraumt hunn, well ech um The Dressing Room, engem Second Hand Maart een Sonnden hei zu Bréissel wärt deelhuelen, hunn ech gemierkt dass ech quasi nëmmen enk Boxen hunn – skinny Jeans. Am allgemengen hunn ech mäin Kleederschaf déi lescht Zäit zimlech langweileg fonnt, net nëmmen wat Boxen ugeet. Mee wéi ech d’lescht Woch dunn e bëssen shoppen war duecht ech, ech géing mol e bëssen ofwiesselen an hunn mer eng méi breed Box kaaft. Eng Culotte. Wou d’Weeder dunn gëschter sou schéin war hunn ech se dann och direkt scho mol ugedo fir op d’Uni an an den Zentrum wou ech mech mam Kaori getraff hunn. Wéi fannt dier se? Géingt der de Modell och undoen oder éischter net?
D’Kaori huet net nëmmen d’Fotoen gemaach mee d’huet mer och erzielt dass dësen Weekend den Iris Festival hei zu Bréissel wär. Den Dressing Room fënnt an deem Kader statt, mee och den Food Truck Festival an nach eng ganz Rëtsch aner cool Eventer. Kuckt iech hei den offiziellen Programm un. Et ass déi perfekt Geleeënheet maachen zweet Doheem ze entdecken, zemools well 23 Grad an Sonn gemellt sinn. Bréissel wärt sech deemno vun senger schéinster Säit presentéieren.
P.s An falls der heihinner kommt, dann kommt mir e Sonnden an de BIP Moien soen 🙂
Shop the look:
Adidas Stan Smith (al) – Ähnlecher hai, Culotte vun Zara (nai Kollektioun), Top vun Sissy Boy (al) – Ähnlechen hai, Bomber Jacket vun H&M (am März kaft) –Ähnlech hai, Parfois Posch (al) – Ähnlech hai, Rosefield Auer, Céline Sonnebrëll
2 Comments
Great outfit and wonderful pictures my dear!
Greetings from Trier
Bernd – http://www.STYLEandFITNESS.de
Great outfit and wonderful pictures my dear!
Greetings from Trier
Bernd – http://www.STYLEandFITNESS.de