#FilleEnFleurs

May 25, 2016

DSC_4085

WeAreTheModels organiséieren heiansdo sou Challengen fir Blogger wou mir een Thema kréien an dann ronderëm dat Thema een Outfit mussen zesummestellen deen dann op engem festgesatem Datum verëffentlecht gëtt. Des Kéier sinn ech och erëm mat dobäi an ech freeën mech well mat engem Thema an enger Deadline sen ech vill ei inspiréiert eppes ze creéiren wéi ouni. Thema des Kéier war Fille en Fleurs, passend zur Joreszäit an opschon ech wousst dass ech näischt am Schaaf hat fir kennen ze fotograféieren hunn ech den Challenge ugeholl. Wéi ech dunn aus der Vakanz zréck war hat ech nach een Daach fir d’Fotoen ze maachen an ech misst dunn schnell eppes Passendes fannen fir unzedin. Wéi ech näischt am H&M fonnt hunn, hunn ech een Tour duerch den JBC gemaach an sinn do fündeg ginn. Hunn dësen Top kaaft an wousst direkt dass ech en wéilt mat engem Choker (sou enger Ketten déi enk um Hals unläit) kombinéieren. Well awer meng Asos Commande, mat genau sou enger Ketten nach net ukomm war hunn ech missen improviséieren. Ech sinn also an den Veritas gaang an hunn mer einfach een Stéck schwaarzer Schnauer kaaft. Eng gutt Léisung fir dee Moment, ech mengen dier hätt op de Fotoen mol net gemierkt dass et just ee Fuedem ass oder? 😉 Well d’Weeder angenehm war konnt ech den Top mat menger aler Juper aus dem H&M kombinéieren an meng spatz Balerinnen vun Zara dobäi undoen. Wéi fannt dier mäin Outfit? Ech fannen fir mech, wat ëmmer nëmmen schwaarz, wäiss, gro an Blo undeet, hunn ech mech gutt geschloe mam Blummen Thema, fannt der net? 😉
DSC_3997DSC_4014DSC_4035DSC_4078DSC_4061DSC_4079 DSC_4108

 

Shop the look:

Zara Balerinnen (nai Kollektioun),H&M Jupe (old)- Ähnlech hai, JBC Top –Ähnlech hai, No Name Sonnebrëll – Ähnlech hai , Casio Auer

banner_site_fillesenfleurs

2 Comments

  • Reply Bernd May 26, 2016 at 1:51 pm

    Wunderschöner Look! Hoffe das Wetter bleibt in nächster Zeit so gut, dass du ihn öfter tragen kannst! 🙂

    Viele liebe Grüße aus Trier
    Bernd – http://www.STYLEandFITNESS.de

    • Reply Claude Marx May 26, 2016 at 2:54 pm

      Das hoff ich auch, aber bitte erst wenn ich mit den Examen fertig bin 😉

    Leave a Reply

    Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.