WeAreTheModels organiséieren heiansdo sou Challengen fir Blogger wou mir een Thema kréien an dann ronderëm dat Thema een Outfit mussen zesummestellen deen dann op engem festgesatem Datum verëffentlecht gëtt. Des Kéier sinn ech och erëm mat dobäi an ech freeën mech well mat engem Thema an enger Deadline sen ech vill ei inspiréiert eppes ze creéiren wéi ouni. Thema des Kéier war Fille en Fleurs, passend zur Joreszäit an opschon ech wousst dass ech näischt am Schaaf hat fir kennen ze fotograféieren hunn ech den Challenge ugeholl. Wéi ech dunn aus der Vakanz zréck war hat ech nach een Daach fir d’Fotoen ze maachen an ech misst dunn schnell eppes Passendes fannen fir unzedin. Wéi ech näischt am H&M fonnt hunn, hunn ech een Tour duerch den JBC gemaach an sinn do fündeg ginn. Hunn dësen Top kaaft an wousst direkt dass ech en wéilt mat engem Choker (sou enger Ketten déi enk um Hals unläit) kombinéieren. Well awer meng Asos Commande, mat genau sou enger Ketten nach net ukomm war hunn ech missen improviséieren. Ech sinn also an den Veritas gaang an hunn mer einfach een Stéck schwaarzer Schnauer kaaft. Eng gutt Léisung fir dee Moment, ech mengen dier hätt op de Fotoen mol net gemierkt dass et just ee Fuedem ass oder? 😉 Well d’Weeder angenehm war konnt ech den Top mat menger aler Juper aus dem H&M kombinéieren an meng spatz Balerinnen vun Zara dobäi undoen. Wéi fannt dier mäin Outfit? Ech fannen fir mech, wat ëmmer nëmmen schwaarz, wäiss, gro an Blo undeet, hunn ech mech gutt geschloe mam Blummen Thema, fannt der net? 😉 Shop the look: Zara Balerinnen (nai Kollektioun),H&M Jupe (old)- Ähnlech hai, JBC Top –Ähnlech hai, No Name Sonnebrëll – Ähnlech hai , Casio Auer Related posts: Finish Line Festival Attire #enmodefestival Khaki À la mer Culotte & Iris & The Dressing Room
Copy and paste this URL into your WordPress site to embed
Copy and paste this code into your site to embed