Simple in black

July 13, 2016

DSC_4392Et ass keen Geheimnis dass meng léifste Faarf schwaarz ass. An och am Summer, wou ech am allgemengen e bëssen méi Faarw mat an meng Outfits abréngen, hunn ech schwaarz awer oft nach am Léifsten wann d’Sonn net all ze vill dréckt natierlech. Hai ass den Outfit deen ech dëst Joer op mengem Gebuertsdag am Juni unhat. Et war mäin 25sten an ech hunn deen doheem mat engem relaxen Grillowend mat menge Kollegen geféiert. Dofir och een ganz simplen Outfit: schwaarzen Rack mat Rimm an meng nei Stiwwelen vun Toga Pulla an déi ech mech direkt verléift hat wéi ech se gesinn hunn. Well se awer relativ deier sen fir mech als Student hunn ech laang iwwerluecht op ech mer se soll gënnen oder net. Schlussendlech duecht ech mer ‘Allez fir däin Gebuertsdag kanns du dier se kafen’ – wat een net alles als Grond fënnt fir säin schlecht Gewëssen ze berouegen nee? 😉 Mee ech bereien et guer net. Fannen se super!
DSC_4413DSC_4387 DSC_4389DSC_4347DSC_4361

Shop the look:

Toga Pulla Stiwweletten – via Kure Brussels , H&M Rack & Rimm, Zara Clutch – ähnlech hai, Casio Auer, Céline Sonnebrell

2 Comments

  • Reply Bernd July 25, 2016 at 11:30 am

    Absolut perfekter Look! Clean und simple! 🙂

    Liebe Grüße
    Bernd – http://www.STYLEandFITNESS.de

  • Leave a Reply to Claude Marx Cancel Reply

    Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.