USA Rees: Deel 1

August 15, 2016

14037878_10209808150057113_1249321771_o

Endlech war et souwäit, wéi laang ech mech gefreet hunn fir endlech kennen d’West Küst vun Amerika ze gesinn! Den 28ten Juni frei moies hunn ech mat 3 Frëndinnen den Fliger um Findel geholl an mir sinn op Paräis geflunn fir dann vun do aus weider op San Francisco ze fléien. Bëssen nervös esou wäit ze fléien, huet dat ganzt awer ouni Problem geklappt.

Wéi mer zu San Francisco gelant sen hunn mer d’Norecht kritt dass een Attentat zu Istanbul um Fluchhafen war, wat eis dunn, ënner deenen villen Leit do zu SF och e bëssen nervös gemaach huet. Wahrscheinlech awer och well mir als éischt dee Fluch iwwer Istanbul gekuckt haten, well dee ei bëlleg war wéi deen iwwer Paräis. Am Endeffekt hunn mir Paräis geholl well manner laang Waardezäiten waren… een gudden Choix wéi sech erausgestallt huet.

Mier sinn dunn, nodeem mer duerch d’Kontroll waren, eisen Auto ofhuelen gaangen den mer mat Avis schonn am Viraus gebucht haten. E groussen SUV well mer jo zu 4 waren mat 4 groussen Valissen. Vläit hutt der dei ganz Story schonn op mengem Snapchat matkritt, wéi ech mech opgereegt hunn… wann jo dann kennt der dësen Abschnitt einfach iwwersprangen. Mier sinn ukomm an de Mann vun Avis sot eis en géing eis een gudden Auto ginn op mer nach eng zousätzlech Assurance och wéilten, domat wär een ganz ofgeséchert. Déi hunn mir dunn geholl (jo opschonn mer woussten dass et wahrscheinlech just een Trick war well mer schonn Assurance matgebucht haten) an mir kruten eisen Auto. En rouden Lincoln Navigator. Leider huet an deem den GPS awer net funktionéiert sou dass mir reklaméiert hunn an een aneren Auto kruten. Een schwaarzen Lincoln Navigator dunn, en war perfekt! Alles sou wäit sou gutt. Wéi mer dunn no deenen 3 Wochen awer erem heiheem waren hunn ech gesinn dass Avis nacheemol iwwer 1000 Dollar vu menger Visa ofgebucht hat – en Montant deen bei wäitem dat iwwerschratt huet wat déi zousätzlech Assurance kascht huet. Ech hunn also dunn nogefrot, an no puer Deeg krut ech dunn gesot dass mir een Upgrade akzeptéiert haten. Ech hunn hinnen erklärt dass dat net de Fall geweescht wär mee si soten well mir ënnerschriwwen hunn kéinten si elo do naicht méi maachen an mir missen bezuelen. Ech war esou rosen!! Op si an hier Verkafsmaschen mee och op eis well mir de Kontrakt net nacheemol gelees hunn wei heen eis en dohinner geluecht huet! Mee sou léiert een…!

14037388_10209808149577101_2040703459_o

Mee genuch elo iwwer déi Saach mam Auto. Den éischten Daach sinn mir sinn vun SF 40 Minutten südlech gefuer bis bei den  Pigeon Point Lighthouse Hostel wou mer eng Nuecht geschlof hunn. Et war esou wéi een sech een Hostel virrstellt wat awer gutt duer gaang ass fir eng Nuecht gutt ze schlofen no engem laangen Fluch. Et war awer vill méi kal wéi ech duecht an dowéinst war ech frou wéi mir weider gefuer sinn deen nächsten Daach. Deen Owend hunn mir an engem klengen Restaurant zu Pescadero gees mee ech mengen dat war dat Eesen wat an deenen 3 Wochen am mannsten gutt war, dh ech erzielen eech net méi dovunner. Schwätzen eech just vun deenen Restauranten déi mir gutt fonnt hunn. 14045223_10209808169497599_545659240_oEisen nächsten Stopp war Santa Cruz, eng léif kleng Surfer Staat déi eis ganz gutt gefall huet. Mir waren Gaascht am Beach View Inn, eng Hotel/Motel wat sou richteg typesch amerikanesch ass. Sou wéi een se aus O.C California kennt. Well et moies nach bedeckt war sinn mer e bëssen duerch d’Butteker gaange downtown an hunn do och een Restaurant – den  Assembly – gesinn deen eis immens gefall huet an wou mer dunn fir Owes een Dësch reservéiert hunn. Dohannen guffen et esou vill flott Restauranten! Den Recht vum Daach hunn mir um Boardwalk op der Kiermes verbruecht déi ëmmer do ass an d’Sonn genoss. 14044994_10209808148417072_1397352322_o 14012398_10209808148737080_1929397841_o 14012508_10209808148697079_646587160_o 14002317_10209808150177116_609606768_o

Den Dach drop hunn mir eis dunn op de Wee gemaach fir den Highway 1 ze huelen deen direkt laanscht Küst verleeft. Ech mengen dass deen Deel op deen ech mech am meeschten gefreet hunn, well ech vun villen Läit héieren hunn wéi schéin et do wär. An ech guff net enttäuscht!! Obwuel Strooss deelweis relativ enk an et vill Kéieren guffen ass dat menger Meenung no eppes wat een am Liewen soll gesinn hunn! Déi Aussiichten waren esou schéin!! Mier hunn em Mëtteg een Stopp am  Sierra Mar Restaurant vum Ranch Inn am Big Sur gemaach, well Kollegen eis deen recommandéiert haten. Ech hunn en verlinkt, kuckt eech en un… onvirstellbar schéin. En Restaurant ganz uewen mat direktem Mierbléck an super Eesen. Ech mengen ech war éierlech gesot nach ni an sou engem schéinen Restaurant. An obwuel en wierklech deier war fir eisen Studentenbudget géing ech ëmmer erëm dohinner goen. Dat eenzegt wat ech un deem Daach géing änneren, géing ech dee Wee nach eemol fueren, wär dass mer den Hotel – oder an eisem Fall den Air Bnb- net sou wäit erof géing huelen (mir haten en zu Ventura) mee ech géing een huelen deen manner wäit weg geweescht wär. Well deen Daach war dach relativ laang am Auto an wéi mir zu Ventura ukomm sinn waren mer just nach prett fir an d’Bett.14001783_10209808149177091_1284129570_o 13978402_10209808149377096_492501895_o 14037332_10209808149137090_268112576_oZu Ventura hunn mir 2 Nuechten an engem Air Bnb geschlof deen wierklech schéin war. Mier hunn een zu Ventura geholl well dat net ze wäit vun Santa Barbara fort war, wou mer neemlech näischt cooles an eiser Präisklass fonnt haten. Ech hunn Santa Barbara super fonnt! Esou eng kleng léif Staat! Mier sinn e bëssen ronderëm getrëppelt, hunn e bëssen geshoppt an dunn Owes ganz lecker am Blush gees. Erëm een Restaurant deen duerch säin Interieur an säin Eesen iwwerzeegt huet. 14045165_10209808178337820_1203496227_o14037693_10209808178297819_1702125514_o

Ech hat mer direkt dohannen zu Santa Cruz eng amerikanesch Sim Kaart geholl sou dass ech Snapchat an all dee Recht konnt benotzen wann mir ënnerwee waren. Dat huet mech 60 Dollar kascht bei At&t an war net nëmmen gutt fir meng sozial Netzwierker mee sou konnten mir och google Maps benotzen wann mir en gebraucht hunn, Uber an och Tripadvisor.

Sou ech mengen fir haut ass et genuch Text 🙂 Deel 2&3 kommen ganz geschwënn :*

13987184_10209808148377071_1044941529_o

2 Comments

  • Reply Anouk August 16, 2016 at 1:00 pm

    Super Fotoën! Hoffen, datt ech och geschwënn nees kann a Kalifornien fueren.

    LUXESSED

  • Leave a Reply

    Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.