Red Touch

Elo wou d’Weeder besser an wou et bëssen manner reent kann ech endlech meng rout Ballerinnen undoen déi ech virun e puer Méint op Instagram bei engem Gewënnspill vun Mylittlefashiondiary gewonnen hat. Usech ass rout eng Faarf déi ech net sou oft undinn, mee fannen awer dass rout Schung perfekt sen elo fir déi méi waarm Méint. Am Léifsten kombinéieren ech se mat enger futtisser Jeans, fannen den méi schicken Aspekt vu den Schung an dat méi sportlecht super beieneen passen. Wat mengt dier? 🙂 Wann dier dat heiten leest dann sinn ech amgang duerch Amerika ze reesen, méi genau wäerten mir dass zu Los Angeles sinn. Fir d’Andréck vun do, kuckt iech mäin Instagram (@Imaginetheswallows) an mäin Snapchat (@zarabina) un. Shop the look: Pretty Ballerinas (Soldéiert de Moment) , Zara Boyfriend…

July 3, 2016

Twist that Tongue

Ier ech en en Dënschden an Californien fléien wollt ech nach e puer Looks shooten ei ech posten während ech fort sinn, mee et huet sech erausgestallt dass dat net ganz sou einfach war wei ech duecht. Éischtens, dat Weeder?!? an dann ass do ëmmer déi Saach fir een ze fannen deen Zäit huet Fotoen ze maachen wann ech och Zäit hunn. Mee en Donneschden hunn huet dunn alles geklappt an meng Schwëster an ech hunn zu Esch Sauer Fotoen gemaach. Bei dësem Look sen d’Schung de Bleckfang. Et sinn di ganz nei Tongue Twisters fun K-Swiss an ech hunn mech extra fir dësen méi faarwegen Modell entscheet well de Recht vu mengen Sneakers wäiss sinn. Wéi den Numm et schonn seet kann een…

June 24, 2016

outfit dreaming for US road trip

Elo wou ech all meng Examen gepackt hunn kann ech endlech (ouni schlecht Gewëssen) plangen wat ech fir eis Amerika Rees well apaken. An enger Woch fléien ech mat 3 Frëndinnen op San Francisco wou mer een Auto lounen an 3 Wochen een Tour wäerten maachen. Mier fueren laanscht d’Küst iwwer Santa Cruz op Los Angeles, weider op San Diego ier mir een Stopp am Grand Canyon maachen an dann weider fueren op Las Vegas. No Vegas geet et an de Yosemite National Park an weider Richtung Napa ier mir di lescht Deeg notzen fir San Francisco zu entdecken. Dier gleeft guer net wéi ech mech op des…

June 21, 2016

Matching the weather

Passend zum Weeder dat mir de Moment hunn, hunn ech ëmmer meng Leederjackett dobäi soudass ech preparéiert sen wann et kal gëtt oder wann et dann mol erëm reent. Super Start an de Summer hunn mer… mee ech beschwéieren mech net weider well ech hunn jo Examen an vill aneschters wéi léieren maachen ech jo souwisou net de Moment. Mier, d’Carmen an ech, hunn des Fotoen net just fir de Blog gemaach, mee och fir een Feature am Luxuriant Magazin. Ech kann et kaum erwaarden den finalen Artikel ze leesen, deen an der 2ter Halschent vum Juni wäert eraus kommen. Mäin Outfit hunn ech ganz mengem Style no simpel an gro an schwaarz gehale. Déi méi faarweg…

June 2, 2016

#FilleEnFleurs

WeAreTheModels organiséieren heiansdo sou Challengen fir Blogger wou mir een Thema kréien an dann ronderëm dat Thema een Outfit mussen zesummestellen deen dann op engem festgesatem Datum verëffentlecht gëtt. Des Kéier sinn ech och erëm mat dobäi an ech freeën mech well mat engem Thema an enger Deadline sen ech vill ei inspiréiert eppes ze creéiren wéi ouni. Thema des Kéier war Fille en Fleurs, passend zur Joreszäit an opschon ech wousst dass ech näischt am Schaaf hat fir kennen ze fotograféieren hunn ech den Challenge ugeholl. Wéi ech dunn aus der Vakanz zréck war hat ech nach een Daach fir d’Fotoen ze maachen an ech misst dunn schnell eppes Passendes fannen fir unzedin. Wéi ech näischt am H&M fonnt hunn, hunn ech een Tour duerch den JBC gemaach an sinn do fündeg ginn. Hunn dësen Top kaaft an wousst direkt…

May 25, 2016