Culotte & Iris & The Dressing Room

Wéi ech mäin Kleederschaf geraumt hunn, well ech um The Dressing Room, engem Second Hand Maart een Sonnden hei zu Bréissel wärt deelhuelen, hunn ech gemierkt dass ech quasi nëmmen enk Boxen hunn – skinny Jeans. Am allgemengen hunn ech mäin Kleederschaf déi lescht Zäit zimlech langweileg fonnt, net nëmmen wat Boxen ugeet. Mee wéi ech d’lescht Woch dunn e bëssen shoppen war duecht ech, ech géing mol e bëssen ofwiesselen an hunn mer eng méi breed Box kaaft. Eng Culotte. Wou d’Weeder dunn gëschter sou schéin war hunn ech se dann och direkt scho mol ugedo fir op d’Uni an an den Zentrum wou ech mech mam Kaori getraff hunn. Wéi fannt dier se? Géingt…

May 3, 2016

Floralien Ghent

Leschten Donneschden hat ech d’Chance op Ghent op d’Floralien agelueden ze sinn. Dëst ass en grousse Blummen-Konscht Festival zu Ghent, wou Artisten op 4 groussen Platzen duerch d’Staat hirer Kreativitéit fräien Laf gelooss hunn. Ech hunn de Festival zesummen mat enger klenger Grupp aneren Blogger kennen entdecken an et war super! Et ass onvirstellbar wat do eng Aarbecht hannendrun stécht an wei schéin alles ass. Wann dier Blummen also och sou gär hutt wéi ech dann kann ech eech nëmmen rekommandéieren een spontanen Ausfluch op Ghent ze maachen, d’Floralien sen nach op bis den 1sten Mee! Et ass wierklech derwärt. Dier gesitt hei eng kleng Selektioun vun Fotoen déi ech gemaach hunn,…

April 25, 2016

Fréijoer

Ech hunn déi lescht Méint net wierklech vill gepost hei um Blog an iergendwéi fillen ech mech wei wann ech mech misst rechtfertegen dowéinst. Ech wéilt ech hätt eng gutt Erklärung mee ofgesinn dass ech vill fir d’Uni ze maachen hat, hunn ech einfach keng Motivatioun an Inspiratioun fonnt fir ze bloggen. De Blog ass immens zäitopwendeg; et ass net ëmmer einfach een ze fannen…

April 22, 2016

Marble everywhere

Di lescht puer Joer hat ech op mengem Laptop sou een Sticker mam Schneewittchen, hunn dat léif fonnt. Antëscht hunn ech mech awer no eppes bëssen bëssen méi erwuessenem ëmgekuckt an hunn dunn bei caseapp.fr dësen Marmor Sticker fonnt deen mer direkt super gefall huet. Wou ech dunn gesinn hunn dass si d’Méiglechkeet ubidden den Sticker e bëssen ze personaliséieren hunn ech meng Initialen kleng…

March 23, 2016

Among bloggers

Virun bëssen méi wéi enger Woch war ech mam Carmen op Düsseldorf op d’GDS well mir eis fir de FashionBloggerCafe ugemellt haten. D’Fro war also wat undoen mam Gedanken dasste vill Blogger wäerts treffen. Oft geet et eben just em d’Ausgesinn an der Branche an do well een dann net onbedéngt ënner goen am Verglach zu deenen Aneren. Ech souz also virun mengem Kleederschaf an hunn…

February 21, 2016