outfit dreaming for US road trip

June 21, 2016
California here we come

Elo wou ech all meng Examen gepackt hunn kann ech endlech (ouni schlecht Gewëssen) plangen wat ech fir eis Amerika Rees well apaken. An enger Woch fléien ech mat 3 Frëndinnen op San Francisco wou mer een Auto lounen an 3 Wochen een Tour wäerten maachen. Mier fueren laanscht d’Küst iwwer Santa Cruz op Los Angeles, weider op San Diego ier mir een Stopp am Grand Canyon maachen an dann weider fueren op Las Vegas. No Vegas geet et an de Yosemite National Park an weider Richtung Napa ier mir di lescht Deeg notzen fir San Francisco zu entdecken. Dier gleeft guer net wéi ech mech op des Rees freeën! Zanter dass ech virun 3 Joer op New York war well ech onbedéngt méi vun Amerika gesinn!

Wann dier schonn un der Westküst waart an dier vläicht Tipps hutt wat mer op keen Fall duerfen verpassen dann loosst mech se wëssen 😀

 

good times & tan lines

 

 

roadtripping

 

 

sunsets and palm trees

P.s. Well ech nach net ganz schlau aus Photoshop guff (ech sinn awer amgaang mech bëssen ze informéieren), hunn ech des Collagen mat Polyvore gemaach. Wann der also wéilt wëssen vun wou déi eenzel Deeler sinn dann klickt einfach op d’Collage an dann gitt dier weider bei d’Details geleet.

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.