Outfit dreaming

October 9, 2015
monochrome

Lo wou den Hierscht ugefang huet an de Wanter och net méi allze laang op sech waarden léist, gëtt et esou lues rëm Zäit puer nei Kleeder an Schung kafen ze goen. Fir awer net ganz ouni Iddi drop lass ze goen, iwwerleeën ech mir ëmmer schonn wat ech gär géing undoen. Soudass ech, wann ech ankafen ginn, bëssen weess no wat ech kucken. Ech hoffen domat den spontanen Fehlkäufe aus dem Wee ze goen.

Wéi all Joer hunn ech och dëst Joer e puer Deeler ganz uewen op menger Wonschlëscht. Usech sinn et ganz einfach Saachen – en Wantermantel, schwaarz Bikerboots, een schwaarzen Poncho an héich Stiwwelen – mee et stellt sech ëmmer rëm raus dass des Saachen wierklech schwéier ze fannen sinn. Wahrscheinlech och well ech eng genau Virstellung hunn wéi se sollen ausgesinn. Ech ginn op alle Fall d’nächst Woch mol op d’Sich hei zu Bréissel, an ween weess, vläit fannen ech jo opmanst eng vun deenen 4 Saachen.

Bis dohinner dreemen ech nach e bëssen weider an sichen mir online Inspiratioun. Ech hunn 3 verschidden Outfiter zesummen gestallt, genau sou wéi ech se och géing undoen wann ech déi Kleeder hätt. An jo, verschidden Saachen sinn wäit aus mengem Budget, mee dreemen kann een ëmmer, right? 😉

Wann dier kéint weelen, fir wéieen Outfit géingt der eech entscheeden?

casual
nike

 

nike by zaramia featuring long sleeve sweaters

 

 

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.