USA Rees: Deel III

October 1, 2016

13838552_10209648051134740_682198278_oSidd dir prett fir den leschten Artikel iwwer meng USA Rees? Dann bereet eech op ganz vill Fotoen fir 🙂

No 3 Deeg zu San Diego war et un der Zäit an d’Land eran ze fueren. Mier sinn fréi um Sonnden Moien gestart well mir iwwer 800 Kilometer virun eis haten. Eis Destinatioun fir den Daach war Flagstaff wou mir een Hotel gebucht haten fir den Daach dono vun do aus an den Grand Canyon ze fueren. Mier duechten déi 800 Km géingen mir easy maachen… mir haten d’Temperaturen (iwwer 40 Grad) allerdéngs ënnerschat an sou war et schlussendlech een ganz laangen an extrem ustrengenden Daach! Et war wierklech déi Fahrt déi am mannsten flott war, well d’Autobunnen engem onendlech virkomm sinn an mir virun allem keng sou Temperaturen gewinnt sinn. Zu Flagstaff ukomm hunn mir just nach eppes gees, an sinn dunn schlofen gaange fir dass mer den Daach dono erëm fit wären. 14123473_10209878367972517_994650130_o

Ech war extrem gespaant den Grand Canyon dann elo endlech live ze gesinn! Et ass eng vun deenen Platzen déi een dach eng Kéier am Liewen well gesinn hunn! Do ukomm war et och immens impressionnant déi Landschaft ze gesinn an et ass een sech esou kleng fir komm am Verglach. Mir hunn en  hallwen Daach do verbruecht, hunn de Canyon vun verschiddenen Bléckpunkter gesinn, sinn op Fielsen geklomme an hunn vill Fotoen gemaach ier mer Owes erëm zeréck an d’Hotel gefuer sinn. Elo kann ech dann och soen dass ech de Grand Canyon gesinn hunn! 🙂 Ech weess allerdéngs net op ech nach eemol géing zeréck goen… dach am Fall wou ech wierklech wéilt méi laang do hiken goen an och den Dall wéilt gesinn.

14114615_10209878367652509_1252045067_o13918941_10209690841484472_786144430_o14489062_10210245424548702_995731197_oDen nächsten Daach hunn mir eis dunn op de Wee gemaach fir op Las Vegas, wou mer dunn och no weideren 500 km ukomm sinn. Ech hat usech keng grouss Erwaardungen wat Vegas ugeet well ech mer duecht dat wär souwisou net ganz sou menges – et héiert een jo ëmmer wéi fake do alles ass an wéi vill Mënschen einfach do sinn. Mee ech muss soen dass ech positiv iwwerrascht ginn sinn! Fir 2 Deeg hunn ech et richteg cool fonnt!! Déi Liichterwelt matten an der Wüst war genau dat richtegt fir eng cool Zäit ze verbréngen! Mir lungen beim Pool (mir haten een Zëmmer am Aria Resort, dat wierklech cool war), waren an de Casino (leider hunn mer awer net gewonne), waren eraus (an den Omnia wou deen Owend den Afrojack als DJ opgeluecht huet) an hunn eis et gutt goen gelooss. Et waren 2 Deeg ouni Auto an ouni Stress 🙂 Ah, elo hat ech bal vergees ze soen dass mir och d’Britney Spears kucken waren 😀 Et war eng flott Show, nawell béis kitscheg mee et huet alles gepasst … Britney Spears halt 😉 Dier mierkt vläit ech sinn keen groussen Britney Fan mee meng Frëndinnen schonn an si hunn et cool fonnt an mir hunn eis ameséiert 🙂
14489693_10210278898065519_124603036_oNo 2 Deeg zu Vegas war et dunn un der Zäit weider ze fueren (eisen Portmonnie war frou doriwwer well Vegas ass nawell net geschenkt). Eis lescht Woch an Amerika huet ugefaange an mir sinn Richtung Yosemite gefuer. Dat waren erëm 500 km am Auto mee des Kéier huet et mech awer manner gestéiert, well och wann mir bei Temperaturen vun iwwer 40 Grad fort gefuer sinn guff et ënnerwee awer erëm méi kill wat mir definitiv besser gefall huet. Mee och d’Landschaft huet sech verännert, et war keng Wüst méi mee et guff no an no ëmmer méi gréng an wonnerschéin.
14466437_10210245424628704_1932095887_oMier haten een Hotel zu Mammoth Lakes wat eng Stonn vun der Entrée vum Yosemite weg louch. Moies sen mir also an den Park gefuer an hunn eis emfroot waat mer sollen kucken goen. Mir hunn dunn de Park mam Auto duerchfuere an sinn an den Dall erofgefuer an hunn dunn do weider ze Fouss entdeckt. Mier huet den Yosemite mat am beschten gefall! Och wann mir am Dall erëm e bëssen zevill Leit ënnerwee waren – mee dorun gewinnt een sech awer an Amerika 😉 Owes hunn mir dunn um Heemwee och nach een wonnerschéinen Sonnenënnergang kennen gesinn wat den perfekten Ofschloss fir deen Daach an der Natur war. Den Heemwee war relativ laang – en huet iwwer 2 h gedauert – an no all deenen Stonnen am Auto déi mer an deenen Deeg fierdrun schonn zeréck geluecht haten war dat net ideal. Dofir wann dir eng Rees dohinner plangt dann kuckt vläicht fir eppes méi no ze fannen fir ze schlofen – am Park selwer ginn et och Méiglechkeeten.
14489703_10210245421428624_491874040_o14489611_10210280187857763_847725859_o 14536875_10210280187977766_89707660_o 14489613_10210280149376801_510596221_o14454004_10210245419868585_2019745747_oDen nächsten Daach haten mir eis lescht länger Streck mam Auto zeréck ze leeën. Et goung vun Mammoth Lakes iwwer Sacramento, wou mir dem Lisa seng Tatta besicht hunn, op Santa Rosa bei Nappa Valley. Wou mer dunn den Daach drop den Daach mat Wäin schmaachen verbruecht hunn. Mir hunn eis dofir fir d’ Sterling Vineyards entscheet, nodeem mer op Pinterest een Artikel iwwer dat Wäingut gelees hunn an et sech gutt unhéieren huet. Et war een flotten Daach mat perfektem Weeder, vill Wäin an engem schéinen Kader.
14466368_10210245420348597_1137424504_o14513721_10210245419988588_1400159109_oEis lescht Destinatioun war San Francisco! Méindes wéi mir ukomme sinn, sinn d’Lisa an d’Laure Alcatraz kucke gaangen während deem d’Julie an ech eisen Auto zréckbruecht hunn fir oofzegin well mir deen fir SF net méi gebraucht hunn. Och zu SF haten mer een Airbnb gelount, wat eng super an méi bëlleg Optioun zu Hotelen ass zemools wann ee wéi mir zu méi reest! An mir haten an deenen ganzen dräi Wochen ni eng schlecht Erfahrung gemaach mat deenen Saachen déi mir iwwer Airbnb gebucht haten. Mir haten also gutt bal 3 Deeg fir SF ze entdecken an dat hunn mir dunn och gemaach. Mir sinn eenzel Sehenswierdegkeeten kucken gaange, hunn nach e bëssen akaaft, sinn iwwer d’Golden Gate Bridge getrëppelt, hunn eis lescht Deeg genoss an d’Lisa an d’Julie hunn sech souguer nach Tattooe steechen gelooss ier et erëm heem gaangen ass 😀
14446419_10210245421068615_712048321_o14488925_10210245420828609_885949211_o14456875_10210245420708606_1865050515_o14550508_10210280451024342_2052772440_o

Wann ech déi Rees elo nach eemol maachen géing dann géing ech definitiv San Fransisco direkt am Ufank maachen well no 3 Wochen reesen waren mer e bessen midd an net ei ganz sou motivéiert wéi am Ufank. Et ass wierklech eng super schéin Staat mee ech fillen mech wéi wann mer net richteg dovunner profitéiert hunn an dowéinst hunn ech awer schonn decidéiert dass ech op alle Fall nach eemol dohinner well zeréck – an et dann vläicht mat Seattle wäert verbannen.

Ah an nach eppes, vergiesst net een bëssen méi decken Pullover matzehuelen fir San Fran, well do ass et dach bei wäitem net sou waarm wéi an deenen aneren Stied an de Wand bléist och kräfteg 😉 

14550605_10210280451064343_1702746844_o
Ech hoffen meng Artikelen hunn eech gefall! Hutt dir deen Deel vun Amerika schonn entdeckt? an wann jo wat huet eech am beschten gefall? ech géing mech freeën vun eech ze héieren 🙂

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.