Vun Ventura aus goung et dunn den 2ten Juli weider Richtung LA, an och hei hunn mer eis fir de Wee laanscht d’Küst entscheet an net fir den Highway, fir dass mir d’Géigend nach e bëssen konnten kucken an och well ech awer wollt gesinn wéi Malibu ausgesäit. Well d’Amerikaner jo den 4ten Juli hiren Nationalfeierdag feieren, deen dëst Joer op en Méinden gefall ass, war dee Weekend fir si een verlängerten Weekend an deemno huet et vill Leit bei d’Stränn gezunn där et bei Los Angeles eng ganz Partie ginn. Mier hunn eis dat alles e bëssen ugekuckt, hunn e puer Fotoen ënnerwee gemaach an sinn dunn zu LA selwer e bëssen op der Melrose Avenue ronderëm getrëppelt an hunn dunn an engem Shopping Center, währenddeems mer d’Europameeschterschaft um Fernseh verfollegt hunn, eppes kenges gees. Och wann Fussball an Amerika keng grouss Roll spillt, haten sech dann awer e puer Leit virum Fernseh do versammelt an hunn sech d’Eelefmeterschéissen vun Däitschland géint Italien ugekuckt, wat definitiv dat spannendst war wat ech bis elo gesinn hunn!
Géint 6 sinn mer dunn bei eis Wunneng gefuer, déi mir iwwer Air Bnb reservéiert haten. D’Wunneng war super! Grouss an hell an et hat een eng immens Vue… et war just mat eisem riesen Auto ëmmer erëm eng Aventure déi enk steil Strooss bis rop bei d’Wunneng ze fueren. Apropos Auto an fueren an Amerika: ech sinn eent wat wierklech gär Auto fiert, an dat och, menger Meenung no, relativ gutt an sécher. Mee ech muss soen dass ech deen Daach awer fir d’éischt dohannen och e bëssen nervös ginn sinn. Den Traffik zu LA ass dach eppes anescht wéi dat wat mir hei gewinnt sinn. Iwwerall sinn Milliounen Leit ënnerwee, an dat deemno och op de Stroossen. Ech muss awer soen dass di aner Autosfuerer dohannen vill vill méi frëndlech sinn wéi déi déi heiheem ënnerwee sinn, an bei wäitem net sou egoistesch fueren. Eppes un wat ech mech och gewinnen misst war dass een dohannen net sou schnell duerf fueren an dass et op den Autobunnen egal ass op wéi enger Spuer een fiert. Nom 2ten Daach zu LA hat ech mech awer och do un den Traffik gewinnt an hunn mech erëm méi wuel um Steier gefillt. Mier haten iwwregens zu 2 25 Joer an hunn kennen fueren, mee well mir sou séier schlecht gëtt als Bäifuerer sinn ech gréisstendeels gefuer. Op den scheinbar onendlech laangen riichten Strecken fir Richtung Las Vegas an dono weider nërdlech, war ech awer och frou dem Lisa kennen d’Steier ze iwwerloossen well et dach mat der Zäit awer ustrengend ass (zemools mat deenen héijen Temperaturen déi mir dunn haten, mee dozou méi am 3ten Deel).
Eisen éischten ganzen Daach, een Sonnden, hunn mir dunn mat engem gudden Kaffi am Urth Caffé gestart (mäin Choix – Granola Bowl- war leider net ganz esou lecker, well en mir ze vill séiss war an ze vill Kanéil dran hat) D’Wafel war eng vun deenen beschten déi ech bis elo geschmaacht hunn. Dono sinn mir op den Rodeo Drive gefuer, sinn eemol driwwer getrëppelt an dunn goung et weider Richtung Urban Light Installatioun (vläit kennt dir se och aus dem Film No Strings Attached mam Ashton Kutcher). Duerno sinn mir bei de Walk of Fame gefuer an hunn vun do aus sou een Tour mat engem Mini Bus gemaach fir d’Haiser vun de Stars ze gesinn. Clichéë ech weess, mee et war awer witzeg! 😉 Den Walk of Fame selwer huet mech elo net geflashed… ech hat mir deen iergendwéi aneschters fiergestallt! En plus waren do wierklech einfach ze vill Leit – eppes wat ech guer net gär hunn!
Owes sin mier dun rem zrék op d’Melrose Avenue gefuer, well ech nach gaer eng Foto bei der ‘Made in LA’ Mauer wollt hun, an do hun mir dun och an engem Restaurant gees. Mer haaten Moies schon e bessen no gudden Restauranten gegoogelt an hun ais fier den Spartina entscheed, wou mier super gees hun an wou den Interieur mir och rem besonneg gefall huet.
Fir den 4ten Juli, Nationalfeierdag, haten mir eis net vill fiergeholl. Nodeem mir am Huckleberry Kaffi gedronk hun, och rem eng ganz léiw Plaatz, sinn mir sinn op Venice Beach gefuer, hunn eis dat ugekuckt – ganz bizarre hunn ech fonnt, och net sou menges – an hunn eis dunn do an der Géigend op de Strand geluecht an d’Sonn genoss ier mir géint der Owend op Santa Monica gefuer sinn, iwwer de de Pier getrëppelt sinn (och erëm mat gefillten 100.000 aneren Leit) an do zu Owend gees hunn. D’Freedefeier hunn mer ënnerwee fir zréck bei d’Appartement zu allen Säiten gesinn, an och vun eiser Wunneng aus haten mir nach eng super Vue.
Eisen leschten Daach zu LA dunn haten mir eis gehal fir an d’Universal Studios ze fueren, wat awer leider och guer net menges war. Net nëmmen waren do och iwwerdriwwen vill Leit (am Duerchschnëtt huet een 45 Minutten gewaart fir op ee Spill) mee – wat ech net wousst – déi meescht Attraktiounen sinn mat 3D an dat verdroen ech guer guer net. Den Harry Potter Deel huet mir awer super gefall! Ech hätt just nimools sollen mat op déi Achterbunn goen well dono war mir richteg schlecht! Et ass awer een absoluten Muss falls een 3D verdreiht, well et ass wierklech cool gemaach. Fir de Recht vum Daach war ech just nach mat op d’Waasserachterbunn an hunn dunn de Recht vun der Zäit d’Sonn genoss an mir d’Butteker ugekuckt, während déi aner nach op e puer Spiller waren.Ech fannen d’Universal Studios, am Verglach mat z.B dem Europark oder dem Phantasialand, vill ze deier fir dat wat et ass.
Mir hunn eng leschte Kéier zu LA geschlof an sinn Moies Richtung San Diego gestart. Den Daach selwer hunn mer awer zu Newport Beach verbruecht – wat mir duerch O.C California kannt hunn. En weideren Daach wou mer um Strand waren, eis gebräunt hunn an wou eis Vakanz sech richteg no Vakanz ugefillt huet. Owes zu San Diego wou mer och erëm een Air Bnb haten, waren mer dunn gutt midd an hunn just nach eppes gees ier mer schlofen gaange sinn. Mier kruten een Italiener vun der Proprietairin vum Appartement uginn, mee well do voll war sinn mer direkt vis-à-vis dovunner an een Restaurant (Kindred)gaang deen cool ausgesinn huet. Wéi sech erausgestallt huet war deen Vegan an well nach keen vun eis jee an sou engem Restaurant war hunn mer eis dunn iwwerraschen gelooss. Den Kritiken no online ass en super, mee eisem Goût huet et leider guer net entsprach 😉
Zu San Diego hunn mir e bëssen Staat entdeckt – eng ganz schéin Staat! – waren shoppen hunn gutt gees an waren nach een Daach um Strand. Mier haten 3 voller Deeg do wou mer eis guer net gestresst hunn. Gutt gees hunn mer eemol am Shopping Center (Fashion Village), eemol an little Italy am Mimmo’s, dun nach eemol am Buona Forcetta an mir haten een Owend e puer Drinks op enger cooler Rooftop Terrass dem Rustic Root am Gaslamp Véierel. Mir huet San Diego gutt gefall, dass eng grouss Staat mam Charme vun enger klenger amerikanescher Staat wou een sech direkt wuel fillt.
Ech loossen eech elo mol mat dësen Andréck, an dann zeelen ech eech am nächsten Post iwwer eis lescht Woch an Amerika 🙂
2 Comments
So schön! Ich bin extrem neidisch. 😉 Aber irgendwann schaffe ich es auch in die USA!
Liebe Grüße
Sara | missesviolet
Musst du unbedingt, so schön dort 🙂