Romantic

July 23, 2015

Lescht Woch waren e puer Lëtzebuerger Blogger vun Janette an den Opel Pop Up Store invitéiert fir een vun den Opel Adams am Showroom mat Stickeren ze verschéineren. Et war en super flotten an witzegen Owend!

Well et schonn um hallwer 7 lass gaang ass, misst ech direkt vun der Aarbecht an d’Staat fueren, dh ech hat mir mäin Outfit moies schnell angepaackt. Wéi all déi déi mech besser kennen wëssen, sen ech net deen allerpünktlechsten Mënsch an kommen ëmmer total an de Stress ier ech heiheem fortfueren. Sou och rëm deen Moien. Gottseidank war den Outfit awer ok, an sou hunn ech d’Carmen gefrot op hat net kéint e puer Fotoen maachen ier d’Event lass géing goen:)

Ech mengen hunn des Jupe schonn zanter 6 Joer! Et ass einfach sou ee Deel wat een net oft undeet an awer gär huet, an och no 6 Joer nach passend ass. Se ass zwar e bëssen méi romantesch wéi mäin Style am normalen ass, mee heiansdo muss een jo och e bëssen ofwiesselen.

Le Specs Sunnies (in brown here), Mango Top, H&M skirt (old), Casio watch (get it here), Forever21 bracelets, Auguste Espadrilles  via Pallcenter

 

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.