Decisions decisions

February 12, 2015
Being in my last year of my Bachelor’s Degree (Human and Social Sciences), I soon have to choose a Master’s Degree. One of my biggest flaws however, is that I am a very undecided person. 
There are so many options when it comes to the programs I can choose from but also when it comes to the cities I can go to, I really feel overstrained.
There was a time I was pretty sure about wanting to go to Vienna with the goal to get into the socio-economics Master’s programme at the WU. I don’t know why exactly but this idea just doesn’t feel right anymore. The worst part is that I don’t know if this feeling appeared out of fear – fear of going away and starting new – or if it’s just not the right thing for me. For one, having done my Bachelor’s degree in French and seeing my future in Luxembourg where French is basically the main language in the working sphere, I’m not sure if it’s the best thing to do my Master’s degree in German. Then, that Master’s degree is, in my opinion, – like my Bachelor’s Degree – quite broad, which gets me wondering if it’s a good thing. (Had I chosen an other, a more specific Bachelor’s degree, I might not need to do an Master’s degree now).
Yes right now I am pretty fed up with uni and I wish we were two years ahead in time and I could start working already. I see the working gals among you shaking their head when reading this haha, but it’s just the way I feel right now. Maybe it’s gonna change soon, because I am well aware of the good sides of being a student.
So right now I tend towards staying in Brussels, which would be the easiest. Here I know my way around, I have a place to stay, and it’s not far from home. With the on-going stomach problems, being close to home is kind of important to me right now. And as the doctors keep on telling me to avoid stress, staying would be a good and the least stressful solution. Also I think I have a better chance when it comes to gaining ground with my blog if I stay in Brussels. So being kind of decided that I’m gonna stay here, I now have to find a programme to take. Currently I have 2 in mind: Multilingual Communication with emphasis on Human Resources and Human Resource Management. As my university is undergoing some changes it might be that their programme offer is changing for the next academic year, so I still have to wait and see if both these programmes will actually be given next year.
Oh decisions decisions! The next big step in my life is just around the corner and I don’t feel ready. But I guess time will tell me what to do.

Am Moment sin ech an mengem letzten Bachelor Joer, ech sudeiren Sciences Humaines et Sociales, an muss mech also glaich decideiren waat ech d’nächst Joer fier een Master well maachen. Een fun mengen groussen Schwachpunkten ass awer leider dass ech keen imens decideierten Mensch sin. Et gin SOU vill Meiglechkeeten waat ech keint maachen an wou ech keint higoen fier et ze maachen, dass ech mech am Moment einfach e bessen iwwerfuerdert fillen. 

Firun engem Joer war ech mer nach bal secher, dass ech weilt probéiren op d’WU op Wien ze goen fier Sozioökonomie ze studeiren. Lo awer, fillt sech dei Idee iergendswéi net mei richteg un. Ech kann mol net genau soen fierwat. Flait ass et aus Angscht mei wait fortzegoen an nai unzefaenken, mee flait awer och well ech mech anteschend froen op de Master net awer ze generell gehaal ass (Main Bachelor ass schon zimlech allgemeng, dh haett ech deemols een aaneren gewielt misst ech elo flait net onbedingt nach een Master drunhaenken). Dozou kennt dass deen Master zu Wien op Daitsch waert sin an ech zweifelen op daat gudd fier mech ass. Ech gesinn meng Zukunft zu Letzebuerg, engem Land wou dach awer dei meescht Saachen op Franséisch laafen.

Am Moment waer ech am léiwsten schon faerdeg an geng unfänken mat schaffen. Ech gesinn schon déi Lait déi schaffen, wéi se grad de Kapp reselen bei deem waat ech grad soot. Mee et ass numol sou wéi ech mech grad fillen. Ech denken awer daat ännert sech rem wann dest Semester lo mol bis am Laafen ass, well ech sin mer den Vierdeeler bewosst déi een als Student huet.

Am Moment dait alles dorobben hin, dass ech waert hai zu Bréissel bleiwen. An dat net nemmen well et dat einfachst ass. Ech hun Bréissel gaer, ech kennen d’Uni mat hierem (chaoteschen) System, ech hun eng Wunneng déi relativ gudd lait, an et ass net wait fun doheem fort. Distanz zu doheem ass mer am Moment relativ wichteg wéint mengen Bauchproblemer, ech fillen mech iergendwéi méi secher wann ech wees dass ech séier doheem kann sin falls eppes waer. Meng Dokteren soen mer emmer rem dass ech all Stress sollt aus dem Wee goen, an geng ech hai zu Bréissel bleiwen haett ech alt schon vill Stress manner, an dat zumols fals ech Noexamen am August/September haett. (Nai Wunneng sichen, Opnahmexamen etc.) Dozou kent awer och dass ech mengen mam Blog mei Chancen ze hun Fouss ze faasen wann ech hai bleiwen. D’Belg an Letzebuerg sen nach net sou developeiert waat d’Blogsphère ungeet am Verglach mat z.B Éisterraich oder och Daitschland. Ech sin also sougudd wei decideiert dass ech hai bleiwen, mee lo muss ech awer dann och nach een Programm fannen deen mer zouseet. Ech hun der unsech 2 am Kapp déi mer gefaalen (Communication Multilingue an Gestion des Ressources Humaines), mee well meng Uni sech ebessen emstrukturéiert fier daat nait Schouljoer, muss ech nach ofwarden op des Masteren och tatsächlech weiderhin ugebueden gin. Den Master ass den nächsten groussen Schrett an mengem Liewen an ech fillen mech nach net ganz pret … mee ‘kommt Zeit kommt Rat’ nee?

2 Comments

  • Reply Carmen B. February 15, 2015 at 2:40 pm

    Ech fannen wirklech, datt d'Wiel vum Master schonn eng grouss Saach ka sinn. Am Bachelor ass een irgendwéi einfach frou iwwerhaapt irgendwou ugeholl ze ginn an dann mécht een dat och ouni grouss driwwer nozedenken. Mee dann am Master mierkt een, datt een nach sou vill Méiglechkeeten huet an een och sou lues mol eppes misst maachen, wat een herno am Berufsliewen brauch. Ech hat Chance, datt ech een Master fonnt hunn, den mer direkt zougesot huet, dan den war eben hei zu Lëtzebuerg. Doriwwer hat ech zimmlech gemëschte Gefiller well Bonn war mega, mäin halleft Liewen war do, an mäin beschte Kolleg, den mer mega un d'Häerz gewuess war. Anerersäits wousst ech datt ech dono wéilt zu Lëtzebuerg schaffen an ech hu gemierkt, datt et irgendwéi Zäit war zréckzekommen an och mol mäin egent Land kennenzeléieren. Eng ganz Zäitchen hunn ech och geduecht et wier am besten wann ech dach endlech einfach kéint schaffe goen mee mëttlerweil wees ech, datt ech nach guer net bereet dozou sinn, well et vun Ufank u geplangt war, datt ech e Master maachen. Opallefall hunn ech gemierkt, datt et beim Studium am wichtegsten ass op säin Bauchgefill ze lauschteren, suwuel wat d'Stadt, wéi och d'Fach ubelangt. An och wann däin Verstand der nach seet datts de domat guer keng Zukunft hues, kënnt et dono awer anescht wéi geplangt 😉
    xx

  • Leave a Reply

    This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.