USA Rees: Deel III

Sidd dir prett fir den leschten Artikel iwwer meng USA Rees? Dann bereet eech op ganz vill Fotoen fir 🙂 No 3 Deeg zu San Diego war et un der Zäit an d’Land eran ze fueren. Mier sinn fréi um Sonnden Moien gestart well mir iwwer 800 Kilometer virun eis haten. Eis Destinatioun fir den Daach war Flagstaff wou mir een Hotel gebucht haten fir den Daach dono vun do aus an den Grand Canyon ze fueren. Mier duechten déi 800 Km géingen mir easy maachen… mir haten d’Temperaturen (iwwer 40 Grad) allerdéngs ënnerschat an sou war et schlussendlech een ganz laangen an extrem ustrengenden Daach! Et…

October 1, 2016

LÈCHE VITRINE

Wann dier Imagine the Swallows op FB followed dann hutt der bestëmmt mäin Video gesinn fir d’Staat Diddeleng, an hier Geschäfter. Haut kann ech eech och di Fotoen weisen déi mir gemaach hunn während deem mer een Nomëtten laang mat wili.lu fir de Video gedréint hunn. Wat mäin Outfit ugeet hunn ech en, wei ëmmer, relativ simple gehale. En einfachen schwaarzen Rack, mat spatzen Ballerinnen an enger méi décker Ketten. Dobäi eng Jackett déi ech an engem vun de Geschäfter zu Diddeleng fonnt hunn an déi perfekt zu mengem Look gepasst huet. Shop the look: Zara Ballerinnen (Ähnlech hai, soldéiert) H&M Rack (ähnlech hai) & Ketten (Ähnlech hai, och soldéiert), Alexander Wang Posch, Jacket aus engem…

September 7, 2016

USA Rees: Deel 2 – Los Angeles

Vun Ventura aus goung et dunn den 2ten Juli weider Richtung LA, an och hei hunn mer eis fir de Wee laanscht d’Küst entscheet an net fir den Highway, fir dass mir d’Géigend nach e bëssen konnten kucken an och  well ech awer wollt gesinn wéi Malibu ausgesäit. Well d’Amerikaner jo den 4ten Juli hiren Nationalfeierdag feieren, deen dëst Joer op en Méinden gefall ass, war dee Weekend fir si een verlängerten Weekend an deemno huet et vill Leit bei d’Stränn gezunn där et bei Los Angeles eng ganz Partie ginn. Mier hunn eis dat alles e bëssen ugekuckt, hunn e puer Fotoen ënnerwee gemaach an sinn dunn zu LA selwer e bëssen op der Melrose Avenue ronderëm getrëppelt an hunn dunn an engem Shopping Center, währenddeems mer d’Europameeschterschaft um Fernseh verfollegt hunn, eppes kenges gees. Och wann Fussball an Amerika keng grouss Roll…

August 22, 2016

USA Rees: Deel 1

Endlech war et souwäit, wéi laang ech mech gefreet hunn fir endlech kennen d’West Küst vun Amerika ze gesinn! Den 28ten Juni frei moies hunn ech mat 3 Frëndinnen den Fliger um Findel geholl an mir sinn op Paräis geflunn fir dann vun do aus weider op San Francisco ze fléien. Bëssen nervös esou wäit ze fléien, huet dat ganzt awer ouni Problem geklappt. Wéi mer zu San Francisco gelant sen hunn mer d’Norecht kritt dass een Attentat zu Istanbul um Fluchhafen war, wat eis dunn, ënner deenen villen Leit do zu SF och e bëssen nervös gemaach huet. Wahrscheinlech awer och well mir als éischt dee Fluch iwwer Istanbul gekuckt haten, well dee ei bëlleg war wéi deen iwwer Paräis. Am Endeffekt hunn mir Paräis geholl…

August 15, 2016

Simple in black

Et ass keen Geheimnis dass meng léifste Faarf schwaarz ass. An och am Summer, wou ech am allgemengen e bëssen méi Faarw mat an meng Outfits abréngen, hunn ech schwaarz awer oft nach am Léifsten wann d’Sonn net all ze vill dréckt natierlech. Hai ass den Outfit deen ech dëst Joer op mengem Gebuertsdag am Juni unhat. Et war mäin 25sten an ech hunn deen doheem mat engem relaxen Grillowend mat menge Kollegen geféiert. Dofir och een ganz simplen Outfit: schwaarzen Rack mat Rimm an meng nei Stiwwelen vun Toga Pulla an déi ech mech direkt verléift hat wéi ech se gesinn hunn. Well se awer…

July 13, 2016