Elo wou d’Weeder besser an wou et bëssen manner reent kann ech endlech meng rout Ballerinnen undoen déi ech virun e puer Méint op Instagram bei engem Gewënnspill vun Mylittlefashiondiary gewonnen hat. Usech ass rout eng Faarf déi ech net sou oft undinn, mee fannen awer dass rout Schung perfekt sen elo fir déi méi waarm Méint. Am Léifsten kombinéieren ech se mat enger futtisser Jeans, fannen den méi schicken Aspekt vu den Schung an dat méi sportlecht super beieneen passen. Wat mengt dier? 🙂
Wann dier dat heiten leest dann sinn ech amgang duerch Amerika ze reesen, méi genau wäerten mir dass zu Los Angeles sinn. Fir d’Andréck vun do, kuckt iech mäin Instagram (@Imaginetheswallows) an mäin Snapchat (@zarabina) un.
Shop the look:
Pretty Ballerinas (Soldéiert de Moment) , Zara Boyfriend Jeans & Plover, Even&Odd Posch – kaaft se hai,Casio Auer, Céline sunnies
No Comments