À la mer

October 17, 2015

DSC_1728

Hutt dier net och heiansdo dat Gefill einfach eemol e bëssen raus ze mussen, raus aus dem Alldag? Iergendwou hin wou der nach net waart?

Leschten Weekend sinn ech usech hei zu Bréissel bliwwen fir fir d’Uni ze schaffen mee wéi dunn ee Samschden super d’Weeder gemellt war hunn mir eis spontan decidéiert op d’Plage ze fueren. Et war déi bescht Entscheedung déi mer konnten huelen, et war en super Daach zu Knokke, wou ech bis dohinner nach ni war. D’Sonn huet geschenkt, ech hunn d’Mier endlech mol rëm eemol gesinn an bei mir waren zwou vun deenen witzegsten Persounen déi ech kennen – méi hunn ech net gebraucht fir frou ze sinn.

Dëst ass zur Ofwiesslung mol eemol en bëssen en aneren Outfit Post an dat net nëmmen well mir d’Fotoen op der Plage gemaach hunn (an an der Sonn – wat ech och net oft maachen) mee well ech net eleng sinn fir eng Kéier. De Stefan huet sech mat op d’Fotoen geschlach sou dass fir eemol och meng männlech Lieser kennen Inspiratioun fannen. Dier gesitt also wat mir 2 vun Kleeder ausgesicht hunn fir een Daach beim Mier ze verbréngen. Säin Outfit ass méi faarweg mee ech sinn menger Linn mam Schwaarzen trei bliwwen an hunn just e bëssen beige duerch meng nei Zara Blouse mat an d’Spill bruecht.

DSC_1731 DSC_1758DSC_1778DSC_1757DSC_1826DSC_1808

Stefan: Timberland Schung, Plover via Stitch, H&M Box, Wood Fellas Snapback
Ech: Sacha Schung, Zara Box, Blouse & Leder Jacket, Maje Posch, Céline Sonnebrëll

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.