The Carmen top

August 3, 2015

D’Carmen an ech hunn eis d’lescht Woch zu Esch Sauer, engem klengen Duerf beim Stauséi, getraff fir puer Fotoen ze maachen. Et war leider keen ganz waarmen Summerdach an et huet ëmmer rëm gereent. Mier haten awer Gottseidank Chance well et während deem mir d’Fotoen gemaach hunn guer net gereent huet. Mäin Outfit war och deemno net den allerbeschten Choix, et war mir zimlech kal. Mee ech wollt en awer shooten fir eech dësen Top weisen deen ech lo schonn eng Zäitchen hunn. D’Schung hunn ech aus den Solden am H&M, mee ech sinn mir nach net sécher op se net een Fehlkauf waren… ech fannen se usech schéin mee normalerweis sen ech jo keen sou een brong Fan an hei ass deen klengen Rimmchen fir zouzemaachen brong… Mol kucken wéi oft ech se wäert undoen. Elo ginn ech mech an d’Sonn leen an profitéieren vun dësem fräien Daach.


H&M Espadrilles, Pull&Bear Shorts (similar here), Zara Carmen Top (similar here), Michael Kors Watch (in silver here) &Wallet (get it here)

 

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.