Verschiddener vun eech hunn dësen Outfit bestëmmt schonn op mengem Instagram (@imaginetheswallows) gesinn well mer en schonn virun 2 Wochen fotographéiert hunn. Lo hunn ech dann och endlech Zäit fonnt en op de Blog ze setzen! 🙂
Dier sidd bestëmmt e bëssen verwonnert mech an sou engem faarwegen Mantel ze gesinn. An ech sinn et och e bëssen. Normalerweis bleiwen ech jo éischter bei schwaarz, gro, wäiss an blo wann et em Kleeder geet. Di leschten Kéier awer wei ech am Pallcenter war an d’Carole mer deen Mantel virgeschlo huet, hunn ech en probéiert well ech duecht dass et mat den groen Hoer vläit awer ganz gutt kéint passen. An sou war et dunn och an hunn en matgeholl fir d’Fotoen ze maachen. De Recht vum Outfit ass dann rëm typesch ech, schwaarz an gro mat engem kuschelegen Plover deen ech mir och direkt kaaft hunn.
Ech krut sou vill Komplimenter fir de Mantel op Instagram sou dass ech elo bëssen bereien mir en net kaaft ze hunn. Mee ech hat mer Ufank des Mounts fest virgeholl dass ech just nach Kleeder kafen déi ech brauch well mir jo am Summer an Amerika ginn an ech e bëssen spueren muss. En Mantel stoung leider net op der Lescht vun Kleeder déi ech brauch.
Kocca Mantel, Replay Plover an Hiem via Pallcenter
Zara Box, Mellow Yellow Stiwwelen & Michael Kors Portmonni
No Comments