Festival Attire #enmodefestival

June 19, 2015
 

Wéi Team vun WAM mech kontaktéiert huet fir ze froen op ech wéilt bei engem neien Projet matmaachen andeems ech ee Festival Look zesummestellen hunn ech net missen zweemol nodenken. Ech sot direkt zou. Haut ass et dann souwäit, ech an nach aner Blogger weisen eech wat mir géingen undoen fir op ee Festival. Am Ufank wollt ech usech e bëssen eppes méi boho méisseges undinn, e bëssen méi verspillt/romantesch mat Blummen an den Hoer. Mee wéi ech bis an mäin Kleederschaf gekuckt hunn, hunn ech mech awer schnell emdecidéiert. Den Outfit ass elo e bëssen méi rockeg, mat enger futtisser kuerzer Box, ales Stiwwelen an engem Tank Top. Hai muss ech menger Schwëster awer och rëm Merci soen dass ech seng Posch konnt léinen, ech hat neemlech keng passend.

Wéi ech d’Carmen zu Ettelbréck getraff hunn fir Fotoen ze maachen, hat ech schonn d’Idee fir d’Fotoen virun enger Mauer mat Graffiti ze maachen. Mier hunn eis also op den Daichwisen getraff an d’Fotoen do gemaach. Se sen villllll méi faarweg wéi een dat unsech vu mir gewinnt ass, an ech muss och soen dass et fir mech ganz ongewinnt ass. Mee denken mer fir eng Kéier ass et ok 😉

Wéi fannt dier d’Fotoen an wat géingt dier undoen fir op ee Festival?

Mezura boots (old), Zara shorts&shirt (similar here & here and ON SALE), Forever XXI top (similar here), Cambridge satchel bag(get it here – ON SALE), Casio watch (get it here), Vintage sunnies (similar here), Dcer flash tattoo (get them here)
Click here to see the other looks

 

 

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.